
Kuerz viru 17 Auer ass en Auto um RN17B tëscht Furen a Bettel op d’Kopp gaangen. Et ass kengem eppes geschitt.
Kuerz drop krute sech op der Tréierer A1 op der Héischt Mënsbech-Fluessweiler 3 Gefierer ze paken. Hei gouf et ee Blesséierten.
Géint 17.30 Auer gouf eng Persoun zu Nidderkuer an der Avenue de la Liberté ugestouss a verwonnt.
En Accident mat engem Won an 2 Blesséierte gouf et um 00.30 Auer zu Gréiwemaacher. Detailer nennt de CGDIS keng.
Zwee weider Accidenter, all kéiers ouni, datt engem eppes geschitt ass, gouf et géint 3.30 Auer zu Rolleng. Wéi d’Police an hirem Bulletin präziséiert, hätt de Chauffer vum Auto ze vill gedronk a krut de Fürerschäin ewechgeholl. Deen zweeten Accident ass eppes viru 4 Auer zu Léiweng an der Rue Geespelt geschitt.