D'„Liberty Road“ oder „Voie de la Liberté“ erënnert un den Wee vun der Victoire vun de Alliéierten Truppen am zweete Weltkrich.
An enger Commemoratioun vum Comité Luxembourgeois de la Voie de la Liberté gouf e Samschdeg nach eng un den Trajet vum Generol Patton sengem 3. US Army Kommando geduecht.
Et war d'Woch vun de ville groussen Zeremonië fir un de 75. Joresdag vun der Ardennen-Offensiv ze erënneren. Méi ewéi 5.000 Zaldoten aus den USA, déi wärend der Rundstedt Offensiven am Krich gefall sinn, leien zu Lëtzebuerg begruewen. Och un hir Sacrifice gouf nach eng Kéier geduecht. Ee Mann stoung hei awer besonnesch am Fokus.
Wann een zu Lëtzebuerg wunnt, kënnt een kaum laanscht den amerikanesche Generol Patton. Sief dat um amerikanesche Militärkierfecht, zu Ettelbréck, oder de sëllege Stroossen, déi nom Generol benannt sinn. Och vun Amerikanescher Säit wier ee geréiert, datt nach esou un Si geduecht gëtt.
Et wier hir Aart a Weis Merci ze soen, esou den Comité de la Voie de la Liberté. Et wéilt een verhënneren, datt d'Befreiung vu Lëtzebuerg duerch d'Amerikaner vergiess gëtt. An dat ass néideg, well et waren nëmme wéineg Leit op der Plaz.
Et dierft een den Amerikanesch Asaz vu viru 75 Joer net ënnerschätze wéinst der haiteger Aktualitéit.
D'Associatioun wäert an Zukunft och weider un d'Befreiung vu Lëtzebuerg duerch déi amerikanesch Zaldoten erënneren a gëtt elo scho Rendez-vous fir d'nächst Joer de 75. Doudesdag vum General Patton ze zelebréieren.