Zwee Postbeamte waren 1942 vun däitschen Zaldoten erschoss ginn, well se beim Generalstreik matgemaach haten.
Eng 20 Leit hate sech um Donneschdeg de Mëtteg fir d’Gedenkfeier versammelt. Dorënner Familljemembere vun den Affer, awer och de Minister Franz Fayot.
Et géif ëmmer nach an erëm Kräften, déi ons Wäerter vun engem solidareschen Zesummeliewe wéilten zerstéieren. Och dorunner misst een denken, wann een haut un déi Leit erënnert, déi hiert Liewe fir déi Wäerter gelooss hunn, sou de Franz Fayot.