D'Police hat vill ze dinnGedronk, gedämpt a gestridden

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat e Freideg Owend an an der Nuecht op e Samschdeg genuch ze dinn. Ënnert anerem sinn dräi Automobilisten hire Permis lass.
Et si vill Protokoller geschriwwe ginn
© Laurent Weber

Géint 3.30 Auer ass zu Esch-Uelzecht eng Persoun gemellt ginn, déi getierkelt ass a sech duerno mat hirem Auto fortgefuer ass. No enger kuerzer Sich konnt d’Gefier fonnt a gestoppt ginn. De Chauffer war staark alkoholiséiert a krut no enger Kontroll nach op der Plaz de Permis entzunn.

Um 4 Auer sinn d’Beamten zu Diddeleng op en Auto opmierksam ginn, dee Schlaangelinne gefuer ass. D’Fra um Steier hat och ze vill gedronk a krut hire Fürerschäin ewechgeholl.

An der Géigend vu Buerschent ass géint 5 Auer e Gefier gesi ginn, dat net ganz riicht ënnerwee war. Den Automobilist konnt vun enger Patrull gestoppt a kontrolléiert ginn. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis fort. An alle Fäll gouf natierlech och e Protokoll geschriwwen.

Sträit a Clausen

An de Rives de Clausen ass et dann um fréie Samschdeg Moien zu engem Sträit tëscht méi Persoune komm. Wéinst dem ville Kaméidi an dem Manque u Kooperatiounsbereetschaft sinn e puer vun den deels alkoholiséierte Persounen immobiliséiert ginn. Dräi vun hinnen hunn dierfe mat op de Büro goen, wou sech der zwee weider esou de Batti gestallt hunn, datt se no enger Kontroll vum Dokter eng Nuecht hunn dierfen an der Zell verbréngen.

Cannabis zu Dikrech

E Freideg den Owend war der Dikrecher Police géint 19 Auer e Gefier opgefall, dat falsch geparkt war. Bei der Kontroll vum Chauffer hunn d’Beamten e verdächtege Geroch bemierkt. Alle véier Persounen am Gefier hu sech mussen ausweisen a si kontrolléiert ginn. De Chauffer hat gedämpt, en aneren hat Cannabis dobäi an eng drëtt Persoun war wéinst engem Verstouss géint d’Drogegesetz gesicht.

Back to Top
CIM LOGO