D'Police konnt scho bei verschiddenen Objete soen, zu wéi engem Abroch se passe géifen. Aner Géigestänn konnten nach net zougeuerdent ginn.
- 4 Seat Felge mat 2 Pneue vun der Mark Pirelli, Typ Turato P7 mat de Massen 225-45-17, an 2 Pneue vun der Mark Platin, Typ RP410 Diamond mat de Massen 225-45-17.
- 4 Audi Felge mat 4 Pneue vun der Mark Marshall, Typ Matrac FX, mat de Massen 225-45-17.
- 7 professionell Diagnosgeräter vun der Mark MyCanic. Déi gi fir d'Analyse vu Feeler vu Gefierer agesat.
Wie weess, wou déi Géigestänn hierkommen, soll sech um 244 60 1101 bei der "Police Judiciaire, Section répression grand banditisme" mellen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.