Police mellt e puer DéifställGeklauten E-Vëlo erëmfonnt, nodeems dësen an en Accident verwéckelt war

Samantha Weber
D'Police war e Méindeg e puer Mol wéinst Déifställ geruff ginn. Ënner anerem gouf en E-Vëlo geklaut
E geklauten E-Vëlo konnt erëmfonnt ginn, nodeems dësen an en Accident verwéckelt war.
© BASTIEN OHIER/Hans Lucas via AFP

Wéi d'Police schreift, war hinne géint 19 Auer e Méindeg en Déifstall vun engem E-Vëlo op enger Tankstell an der Rue du Dix Septembre zu Wolz gemellt ginn. Am Kader vun den Ermëttlungen huet sech erausgestallt, datt et en Zesummenhang tëscht dem Déifstall an engem Accident zu Ettelbréck géing ginn, wouduerch den E-Vëlo erëmfonnt konnt ginn.

Donieft war d'Police géint Mëtteg an d'Rue Belair zu Schëffleng geruff ginn. Hei war e Mann vun zwee Täter iwwerfall ginn. Éischten Erkenntnisser no war en Auto mat zwee Passagéier nieft de Mann gefuer. De Bäifuerer wier doropshin erausgeklommen an hätt de Mann opgefuerdert, him seng Posch ze ginn, wärend hie schonn dru gezunn huet. Obwuel de Mann dem Déif d'Posch einfach iwwerlooss hat, huet den Täter him nach gedreet. Dono ass hien nees an den Auto geklommen a Richtung Schëffleng-Zentrum gefuer. An der geklauter Posch waren ënnert anerem Boergeld, perséinlech Dokumenter an e puer Schlësselen. Eng Sich no den Täter ass negativ verlaf, d'Police huet Ermëttlunge lancéiert.

E weideren Déifstall gouf et dann nach an der Nuecht op e Méindeg. Hei hat en Zeie verdächteg Persoune bei engem geparkten Auto um Rangewee zu Bouneweg gesinn. Zwee Verdächteger wiere geflücht, wéi d'Police ukoum, konnten awer no kuerzer Zäit gepëtzt ginn. Éischten Informatiounen no goufen ënnert anerem e Sonnebrëll a Boergeld geklaut. E puer Géigestänn wieren op hirem Fluchtwee fonnt ginn an dem Besëtzer zréckgi ginn. Bei engem vun de Verdächtege goufen ausserdeem Boergeld a Pefferspray fonnt. Och an dësem Fall goufen Ermëttlungen opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO