Stater GeriichtGeldstrof fir den Enrico Lunghi, 12 Méint Prisong mat integralem Sursis fir d'Catherine Gaeng

RTL Lëtzebuerg
Um Geriicht an der Stad gouf e Mëttwoch de Moien den Enrico Lunghi zu enger Geldstrof vun 8.000 Euro verurteelt. Seng Fra Catherine Gaeng krut 12 Méint Prisong mat integralem Sursis an eng Geldstrof vu 5.000 Euro.
© Laurent Weber / RTL

Derbäi kommen nach eng Rei Schuedenersatz-Strofen, déi se mussen iwwerhuelen. Am Kontext vum RTL-Lunghi-Prozess kruten den Enrico Lunghi a seng Fra eng Verletzung vum Untersuchungsgeheimnis virgeworf. D’Madamm Gaeng hat e Buch geschriwwen an hätt do aus geheimen Enquêten-Ënnerlagen ofgeschriwwen.

Déi zwee hu viru Geriicht ausgesot, si hätten net mat Absicht géint d’Gesetzeslag verstouss.

Back to Top
CIM LOGO