
Deemools waren duerch staarke Wand Isolatiounsplacke vun engem Daach op engem Schantjen um Lampertsbierg geblose ginn. Um Trëttoir haten d'Placken en dunn 51 Joer ale Mann getraff, dee fir eng Baufirma geschafft hat. Den Ongléckleche war 13 Deeg drop gestuerwen. Et gouf der Isolatiounsfirma virgehäit, hiert Material net gutt genuch geséchert ze hunn.
Dat wär och de Constat vun der ITM gewiescht, sot d'Vertriederin vum Parquet en Donneschdeg. D'Placken, a Päck vu 50kg d'Stéck agepaakt, waren 12 Meter an d'Déift gefall an haten de Mann um Kapp getraff. Hien hätt zwar e Casque u gehat, ma deen hätt op Grond vum Choc net vill gehollef. Dem Mann säin Doud wär op d'Accident zréckzeféieren an eng Schnouer ronderëm d'Päck net adaptéiert gewiescht, fir déi ze halen. Schliisslech ware fir deen Dag Wandspëtzte vu bis zu 110 Kilometer an der Stonn virausgesot. D'Isolatiounsfirma wär wéinst dem Feeler, deen zum Doud vum Mann gefouert hätt, strofrechtlech responsabel.
De Gerant vun der Isolatiounsfirma ka sech d'Accident net explizéieren. Wéinst dem ugekënnegte Wand hätt hie senge Leit gesot, si sollten d'Päck iwwerpréiwe goen; dono hätt hie si heemgeschéckt. Hie wéisst och näischt vun enger Schnouer ronderëm d'Päck. An deem Zesummenhank huet e Polizist vu „Behëllefsaarbechte“ geschwat. Enger Mataarbechterin vun der Gewerbeinspektioun no louchen op der Plaz vum Accident Placken an eng Clôture ronderëm de Schantjen um Buedem, mat Placken zum Deel dorop. D'Affer hätt wuel do gestanen, fir eng Maierchen ze bauen. D'Päck mat all Kéiers 5 Placken dra wäre bis an 2,50 Meter Héicht stockéiert ginn, mat just där Schnouer ronderëm, an nogeséchert gi mat Gurten, déi awer de breeden an net den héije Wee ugezu waren.
De Me Tastet, Affekot vun der Isolatiounsfirma, huet sech doriwwer gewonnert, dass just déi Firma am Feeler sollt sinn, net awer d'Baufirma, déi hätt trotz de schlechte Wiederkonditiounen hir Leit um Schantje weiderschaffe gelooss. Hien huet de Fräisproch vun der Isolatiounsfirma gefrot, well déi all Virsiichtsmoossnamen ergraff hätt.
D'Urteel ass fir de 6. Februar.