Virum Optakt vum Prozess wollt de fréiere Gréngen-Deputéierten a fréiere Buergermeeschter vun Déifferdeng, de Roberto Traversini, näischt an den RTL-Mikro soen.
Him gëtt vum Parquet prise illégale d’intérêts reprochéiert, also, dass hie säin Amt vun deemools fir seng eegen Interesse mëssbraucht soll hunn. Weider Reprochë si Verontreiung vun ëffentleche Gelder, Fälschung a Mëssbrauch vu Vertrauen.
Den éischten Dag vum Prozess hat d’Defense vum Roberto Traversini eng Partie Zeie geruff, fir d’Faiten, déi dem fréiere Buergermeeschter reprochéiert ginn, an de Kontext ze sëtzen. Alleguerte sote se, dass si sech net kéinte virstellen, dass de Roberto Traversini fir seng eegen Interessie geschafft hätt. Hien hätt an hiren Aen ëmmer am Interêt vun der Gemeng gehandelt.
E Reproche ass zum Beispill, dass hien als Buergermeeschter bei engem Vott positiv ofgestëmmt huet fir e Projet fir eng Ännerung vum PAG vun enger Gaardenzon an eng Wunnzon bei engem Terrain mat engem Haus vu Leit, déi hie gutt kannt huet. Spéider huet hien dëst Haus geierft. Beim Vott fir de PAG war hien awer net méi dobäi. Zu deem Ament hat hie schonn an der Suite vun der sougenannte Gaardenhaischen-Affär demissionéiert. De Gemengesekretär hat virun de Riichter erkläert, dass et sech beim Vott ëm eng Partie vun Haiser an deem selwechte Cas de figure gehandelt hätt.
E weidere Reproche ass dann, dass hien d’Pläng fir Projeten un dem geierften Haus, souwéi och um Haus vu senger Liewenspartnerin vum Stagiaire vun der Gemeng zeechne gelooss hätt. Fir d’Haus vu senger Partnerin goufen et e puer méiglech Gemengeprojeten, déi envisagéiert goufen. Ënner anerem dee vun engem Centre thérapeutique. Dass d’Gemeng géing Projeten ugoen a Sue virstrecken, déi se dono vum Staat erëmkrit, wier eng normal Prozedur gewiescht, huet de fréieren éischte Schäffe vun Déifferdeng ënnerstrach, deen als Zeie geluede war.
Da soll den Ugeklote Roberto Traversini deemools och Mataarbechter vun der Beschäftegungsinitiativ CIGL fir Aarbechten un an ëm sengem geierften Haus ugestallt an net bezuelt hunn. De President vum CIGL Esch huet als Zeien erkläert, dass esou Aarbechten ëmmer géing facturéiert ginn. Och hien huet de fréiere President vum CIGL Déifferdeng, de Roberto Traversini als engagéierte Politiker kannt, deen dës Initiativ zu Déifferdeng enorm ausgebaut hätt.
Weider musse sech viru Geriicht dann nach d’Partnerin vum Roberto Traversini veräntwerten. Hir gëtt reprochéiert, Kompliz vun der Prise illegal d’interêts gewiescht ze sinn. Selwechte Reproche gëllt engem Gemengebeamten. E weidere Gemengebeamte muss sech dann aus gesondheetleche Grënn net an dësem Prozess veräntwerten. Hei gouf eng Disjonctioun vum Fall festgehalen.
Direkt am Ufank vum Prozess wollte sech de Gemengebeamten an d’Partnerin vum Roberto Traversini nach net äusseren. Si sote just, dass si d’Reproche géint si vu sech weisen.
De Prozess geet en Dënschdeg de Mëtteg weider mat den Auditioune vun de Prevenuen, dem Requisitoire vum Parquet an den Affekote vun der Defense.