
D’Zäite wieren eriwwer, wou vun uewen erof diktéiert gëtt, huet d’Taina Bofferding ënnerstrach. Ënnert anerem wieren Delaie fir d’Prozeduren agefouert ginn. “Bannent 3 Méint musse mer de Gemengen äntweren. Am beschte Fall ass eis Äntwert eng Approbatioun, am schlëmmste Fall e Refus, eng Suspensioun oder Annulatioun.”, sou d’Inneministesch
Fir den Austausch tëscht dem Interieur an de Gemenge gouf eng nei digital Plattform mam Numm e-Mint en Place gesat. Do kënnen zum Beispill Dossieren eropgeluede ginn an et gesäit ee permanent, wou déi genee dru sinn:
“Dat ass wichteg, datt och ni méi en Dossier am Tirang verschwanne kann a verstëbse gelooss gëtt. Mat deem heite System ass dat definitiv eriwwer, sou datt een ëmmer gesäit, datt Mouvement am Dossier dran ass.”
Dat géif natierlech zur administrativer Simplificatioun bäidroen, begréisst de President vum Syvicol Emile Eicher:
“Et ass en éischte Schratt, dee lo kënnt. Et ass eng hefteg Aarbecht, well vill verschidden Akte bei de Gemenge virkommen an dat alles elo an de System muss agedroe ginn. Dat dauert 2 Joer an an Zukunft wäerten och Verbesserungen ëmmer erëm nokommen.”
Vum 1. Februar 2025 u ginn dann all d’Kommunikatiounen tëscht de Gemengen am Interieur iwwert déi nei Plattform gemaach, gouf nach präziséiert.