ChamberkommissiounGemengendeputéiert: Méi, méi, méi Police, wannechgelift

RTL Lëtzebuerg
D’Stad Lëtzebuerg, mee och Esch oder nach de Kordall wëlle méi Poliziste bei sech um Terrain hunn.
© RTL

Méi Polizisten um Terrain: Déi Demande huet ee kloer aus enger Reunioun vun der Chamberkommissioun fir bannenzeg Affären eraushéieren. De Generaldirekter vun der Police Pascal Peters huet do um Mëttwoch de Mëtteg e positive Bilan gezu vun der Lokalpolice am Museldall. Dee Pilotprojet, genee ewéi déi an der Stad Lëtzebuerg, zu Esch an zu Déifferdeng sinn iwweregens ofgeschloss, mee déi lokal Unitéite bleiwe bestoen, esou ewéi et dat entspriechend Gesetz virgesäit.

Déi Beamten, déi fir d’Lokalpolice agesat ginn, géingen iwwerdeems néierens feelen, huet de Policedirekter op Nofro vum ADR-Deputéierten Tom Weidig erkläert. Se géingen aus dem Sureffectif geholl ginn, deen duerch de Rekrutement all Joer do wier.

D’Stater Buergermeeschtesch an DP-Deputéiert Lydie Polfer huet der Police Merci gesot a verlaangt, datt nach méi Polizisten an der Stad um Terrain wieren. Och de Schäffe vun Esch a gréngen Deputéierte Meris Sehovic huet dee Wonsch fir seng Gemeng ausgedréckt. De Piratendeputéierte Marc Goergen huet sengersäits gehofft, datt och d’Kordall-Gemenge Käerjeng a Péiteng eng lokal Police oder Verstäerkung géinge kréien.

Den Ënnerscheed tëscht enger lokaler Police a Verstäerkung huet de Pascal Peters esou erkläert: Lokal Poliziste ginn op eng Plaz oder Evenement gesat a bleiwen do. Géing een eng Patrull asetzen, da misst déi d’Plaz verloossen, wann anzwousch anescht en Asaz ass.

Back to Top
CIM LOGO