Regierung wëll Reglementer upassenGeschwë méi Tiny Haiser zu Lëtzebuerg?

Tim Morizet
D'Regierung schafft drun, Reglementer unzepassen, fir datt et an Zukunft méi einfach gëtt, Tiny Haiser an de Gemengen ze integréieren.
Tiny Houses zu Lëtzebuerg
Et ass e Liewenskonzept, dat ëmmer méi Uklang fënnt, och hei am Land: wunnen op klengem Raum a sougenannten Tiny Houses.

Konkret gëtt grad un enger Upassung vum Amenagement a Bebauungsplang wéi och vum Bautereglement geschafft.

D’Gemeng Stroossen war déi éischt d’lescht Joer, déi sech offiziell getraut huet, op d’Sich no Terraine fir déi alternativ Wunnform ze goen. Aner Gemenge wëllen nozéien, di sech aktuell awer nach schwéier.

Dat bedaueren och d’Nickie Lippert an hire Partner Harry Neydeck. Si si Member an der Lëtzebuerger Tiny-House-Communautéit a wunnen zanter September 2021 an hirem “klengen Haus” zu Duelem. Hire Raisonnement war kee finanziellen, ma en ökologeschen. En neit Liewenskonzept – egal aus wéi enge Grënn – dat ëmmer méi un Uklang fënnt, erkläert d’Nickie Lippert.

Mir mierken, datt den Interessi grouss ass. Wann iergendeppes zum Sujet erauskënnt, da gëtt a béid Richtungen diskutéiert. Et ass schonn en Thema, dat iwwert déi lëscht Joren u Wichtegkeet gewonnen huet. Virun zwee Joer huet eis nach jiddweree gefrot, wat en ‘Tiny House’ ass. Haut ass et eng Thematik, déi d’Leit kennen.

Kee Wonner, wann ee bedenkt, datt de Präis vun engem Haus sech iwwert déi lescht 12 Joer méi ewéi verduebelt huet. Zu Lëtzebuerg ëm 140 Prozent. Op EU-Niveau sinn et an der Moyenne 49 Prozent. Ëmmer méi Leit decidéieren, fir finanziell méi onofhängeg ze liewen: mat méi Zäit fir déi wichteg Saachen am Liewen.

Mir wëllen Deel vum Liewen am Duerf sinn

D’Tiny-House-Community kämpf aktuell dofir, eng fest Adress mat den amovibelen Haiser ze kréien. Et wëll ee sech ganz offiziell op enger Gemeng kënnen umellen. Deel vum Duerfliewe sinn, wiele kënnen an d’Kanner an déi lokal Schoul schécken. Et bedauert een, datt ee mat engem Tiny House dacks just wéi en Tourist eng Plaz um Camping fënnt.

Vill Gemengen awer sinn ugangs iwwerfuerdert, wa se eng Demande kréien, fir esou en Haus bei sech ze integréieren, esou d’Nickie Lippert.

Eis Membere maachen dacks d’Erfarung, datt d’Gemengen Interessi weisen, mee fir si ass alles nei an et ass net gewosst, wéi een dat ganz soll implementéieren. Et gouf sech nach net genuch mat der Thematik auserneegesat, wat dat alles mat sech bréngt. En Tiny Haus passt net an déi geleefeg Reglementéierunge vun Appartementer oder Haiser. Do muss eppes Neies geschaaft gi mat ganz neien Dimensiounen.

Tiny Haiser sinn zu Lëtzebuerg erlaabt, dacks awer sinn et PAGen, respektiv Bautereglementer, déi engem Tiny House eng Ofso bréngen. D’Wunnfläch ass ze kleng. D’Haus ass dem Bautereglement no net laang oder héich genuch. Fir kleng Gemengen ass et dacks ze vill Aarbecht, fir fir ee Projet e ganzt Reglement ze änneren, respektiv unzepassen. Dofir soll Hëllef aus dem zoustännege Ministère kommen.

Gemenge kënne sech deemnächst juristesch besser orientéieren

Nodeems d’Demande fir Tiny Houses klëmmt, schafft den Inneministère un dräi Reglement-Typpen, déi d’Autorisatioun an d’Constructioun vereinfache sollen.

Déi nei Reglementer sollen de Gemengen dann als Basis fir d’Autorisatioun vun deene klenge Logementer déngen. Soubal d’Gemengen déi nei Bestëmmungen dann ausgeschafft hunn, kënnen Tiny Houses och a Baulücken accordéiert ginn, wou se haut duerch méi restriktiv Bestëmmungen ausgeschloss sinn. Et ass eng juristesch Sécherheet, esou d’Inneministesch Taina Bofferding.

Wichteg ass och eng gewësse Koherenz iwwert d’Land ze kréien, datt et iwwerall e bëssen änlech gereegelt ass.

Et géif een hoffen, datt eng Rei Gemenge vun dësen Texter wäerte profitéieren, fir hir Bautereglementer, PAGen a PAPen ze adaptéieren. Da géif dem Tiny-House-Mouvement zu Lëtzebuerg näischt méi am Wee stoen, esou d’Ministesch.

Virun allem Baulücke fëllen

D’Iddi ass et, déi kleng Haiser haaptsächlech a Wunnquartieren eranzekréien. Eng Rei Gemengen am Land sinn intresséiert, dat an Zukunft méiglech ze maachen. Esou och d’Gemeng Hesper, seet de Buergermeeschter Marc Lies.

Ech fannen et am Prinzip eng intressant Pist, well déi Leit, déi dat wëlle maachen, a mir do ënnert d’Äerm gegraff kréien. An et gëtt Méiglechkeeten. Och wann een eng Baulück huet an de Proprietär vun dëser seet: du kanns dat maachen. Mat enger Autorisatioun, den néidege Raccorden (Waasser, Ofwaasser) a wann alles de Bautereglementer entsprécht, dann ass alles méiglech.

Tiny Haiser deemnächst och zu Hesper?

Zu Hesper wier een amgaangen, eng punktuell Modifikatioun vum PAG ze maachen, bestätegt den Hesper Buergermeeschter virum RTL-Mikro. Also eng kleng Erweiderung vum PAG wou d’Gemeng ganz oder majoritär Proprietär vun den Terrainen ass. Bei der Demande vum Projet hätt ee dobäigeschriwwen, datt ee sech géif iwwerleeën, wann d’Modifikatioun bis gemaach wier, een am Kader vun engem PAP “nouveau quartier” en Terrain fir eng Tiny-House-Communautéit virgesinn.

Déi Parzelle fir esou en Haus, déi sinn net extreem grouss”, erkläert de Marc Lies, 100 bis 150 Metercarré gi generell duer. Do kéint een also kucken, esou eppes ze schafen.

Neit Liewenskonzept soll ënnerstëtzt ginn

Et geet konkret drëm, déi alternativ, minimalistesch Liewensform ze ënnerstëtzen, heescht et aus dem Inneministère. Abus an d’Ausnotze vu Leit a schlechte Liewenskonditioune soll mat der neier Reglementatioun verhënnert ginn.

D’Tiny-House-Community freet sech, datt et aktuell esou vill Beweegung am Dossier alternatiivt Wunne gëtt. Et ass een awer gespaant, wat konkret an den dräi Reglementer drasteet. Esou och d’Gemengen. Aktuell weess nach keen ausserhalb vum Ministère, wat d’Gemengepappen, respektiv aktuell oder zukünfteg Tiny-House-Besëtzer erwaart.

D’Texter fir d’Reglementer si bal fäerdeg, heescht et vun der zoustänneger Ministesch a sollen no enger Reunioun mat der Tiny-House-Community fäerdeg gestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO