No Affär Carole DieschbourgGesetz fir méiglech Enquête géint fréier Ministere soll kommen

RTL Lëtzebuerg
En neit Gesetz wäert geschwënn dee Wee virginn, deen als Basis d'Gaardenhaischen-Affär ronderëm déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg wäert hunn.
© Luc Rollmann / RTL Archiv

Um Site vun der Chamber ass ze liesen, dass d’Presidenten-Konferenz an de Chamberbüro en Donneschdeg den Affekot an Unis-Professer Maître Patrick Kinsch gesinn hätten, deen Auteur vun engem Rapport an dëser Matière wier.

Et géif nämlech en Ënnerscheed ginn tëscht der aktueller Verfassung an där zukünfteger, wou de Volet iwwert d’Organisatioun beim Staat jo schonns duerch en éischte Vott an der Chamberplenière gestëmmt gouf.

D’Zil wier et, fir eng Gesetzes-Propositioun ze schreiwen, wou déi genee Prozedur präziséiert an definéiert ass, déi dann e Weiderféiere vun der Enquête vum Parquet géint d’Ex-Ministesch soll erméiglechen. Dat awer net just fir d’Affär ronderëm d’Carole Dieschbourg, mä et wéilt een e juristeschen Text opstellen, deen ëmmer a generell soll gëllen.

D’Deputéiert hate festgehalen, e Gesetz schreiwen ze loossen, nodeems d’Fro vun der Responsabilitéit an der ganzer Affär net zu 100 Prozent konnt gekläert ginn. Och net nodeems Mëtt Mee de Verfassungsexpert Luc Heuschling vun der Uni Lëtzebuerg gehéiert gi war.

Dat neit Gesetz soll da reegelen, dass de Parquet als neutral Instanz fir d’Instruktioun zoustänneg ass. Esou wär d’Rechtsstaatlechkeet garantéiert. D’Chamber soll duerno vum Parquet eng Propositioun gemaach kréien, ob et a Richtung vun enger Uklo soll goen oder net.

Back to Top
CIM LOGO