CNS an AMMD si sech bis elo net eensGesondheetskeess annoncéiert eng méiglech Mediatioun

Pierre Weimerskirch
D’Gesondheetskeess waart nach ëmmer op d’Ënnerschrëft vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD. Wa bannent enger Woch net ënnerschriwwe gëtt, gëtt eng Mediatioun lancéiert.
© RTL

Am Sträit tëscht der Caisse nationale de santé (CNS) an der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun (AMMD) kéint et geschwënn zu enger Mediatioun kommen. Wéi d’CNS e Mëttwoch den Owend matgedeelt huet, gëtt dës Prozedur ausgeléist, falls d’AMMD déi ausgehandelt Konventioun net bannent der nächster Woch ënnerschreift.

Hannergrond ass, datt d’AMMD d’Konventiounen Enn Oktober 2025 denoncéiert hat. Dem Gesetz no bleift déi aktuell Konventioun nach ee Joer a Kraaft, mee d’Parteien hunn nëmme sechs Méint Zäit, fir eng nei Konventioun ze verhandelen. Dësen Delai leeft den 30. Abrëll of.

Zanter Dezember gouf et am Ganze sechs Verhandlungsronnen tëscht CNS an AMMD. Mëtt Mäerz waren déi lescht Diskussiounen, an de Verwaltungsrot vun der CNS huet déi nei Texter validéiert an un d’AMMD geschéckt. Bis elo feelt awer nach d’Ënnerschrëft vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun.

Wann et bis Enn Abrëll zu kengem Accord kënnt, gesäit de legale Kader eng Mediatioun vir. Sollt och dës net zum Resultat féieren, kéinten déi néideg Bestëmmunge schlussendlech per Reglement grand-ducal festgeluecht ginn.

D’CNS betount am Schreiwes, datt si weider am Respekt vum gesetzleche Kader handelt, mam Zil, d’Kontinuitéit vun der Versuergung an d’Stabilitéit vum System ze garantéieren.

De Communiqué vun der CNS

Back to Top
CIM LOGO