CoronavirusGesondheetsministère preparéiert sech op den Hierscht

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem gëtt eng weider Test- an Impfcampagne preparéiert, wéi och d'Traitementer vun der Longekrankheet.

En attendant den zweeten Experten-Avis d’nächst Woch iwwer d’Aféiere vun enger partieller Anti-Covid-Impfflicht, preparéiert sech de Gesondheetssecteur heiheem op den Hierscht.

Dëst betrëfft d’Testen an den Diagnostik mat PCR- a Schnelltester, grad wéi och d’Traitementer vun der Longekrankheet mat antivirale Medikamenter a monoclonalen Antikierper.

Weider gëtt sech op d’Relance vum Contact Tracing an eng weider Impfcampagne lancéiert, wou eventuell och nei Vaccine géifen an den Asaz kommen.

Omikron-Variant BA.5 staark present

Aktuell ass iwwerdeen d’Omikron-Subvariant BA.5 staark present am Land a mécht aktuell e Véierel vun allen neien Infektiounen aus. Dës Souche ass dann och warscheinlech responsabel fir déi liicht Hausse vun den Infektiounen, déi et lo ugangs vum Mount am Land goufen.

De BA.5 schéngt sech dann och liicht méi séier ze iwwerdroe wéi aner Omicron-Subvarianten, mä schéngt par contre awer net méi pathogen, dat heescht, datt en d’Leit net méi krank mécht wéi aner Varianten.

Well d’Subvariante BA.4 an BA.5 manner gutt op de Vaccin reagéieren, ass et och méi probabel, datt eng geimpft a geboostert Persoun sech trotzdeem mam Virus ustécht.

Dës Informatioune liwwert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun der CSV.

PDF: Déi parlamentaresch Fro an d'Äntwert

Back to Top
CIM LOGO