
Fir eng Opwäertung wier eng Reform op dräi Punkten néideg. Ënner anerem sollt d’Ausbildung fir den “Diplôme d’aptitude professionnelle - DAP” vun dräi op véier Joer erop gesat ginn. Dat éischt Joer soll sech ganz an der Schoul ofspillen an déi dräi duerno dann deels an der Schoul an deels beim Patron, mat engem obligatoreschen Tëschenexamen nom zweete Joer.
D’Meeschterprüfung misst mam Bachelor gläichgesat ginn, dat ass eng weider Revendicatioun.
D’Ausbildung vum Techniker sollt nees an den Enseignement secondaire général integréiert ginn, fuerderen déi zwou Gewerkschaften.