
D'Gewerkschaft weist sech per Schreiwes zefridde mat der Decisioun vun den zoustännege Ministeren, de Christian Schleck bis op Weideres emol net ze versetzen.
Et géif ee mat enger gewësser Zefriddenheet zur Kenntnis huelen, datt de President vun der Arméigewerkschaft Spal op sengem aktuelle Posten am Rekrutementsbüro bleiwe kann. Dowéinst hätt een als CGFP och decidéiert, der Affär den Ament keng Suitten ze ginn.