OGBL an ULCGewëss administrativ Tariffer sollten agefruer ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Kafkraaft vun de Salariéen, de Pensionéierten an hire Famillje muss gestäerkt ginn an d'Präisexplosioun muss gebremst ginn, fuerderen OGBL an ULC.

Dat fuerderen den OGBL an d’ULC um Méindeg de Moien no enger Entrevue tëscht béiden Organisatiounen.

Den onofhängege Gewerkschaftsbond an de Konsumenteschutz bedaueren deemno, datt d’Propos, fir gewëss administrativ Tariffer anzefréieren, vun der Regierung ignoréiert gouf. Mat esou enger Mesure hätt ee gläichzäiteg d’Inflatioun gebremst an d’Stéit entlaascht.

Den OGBL an d’ULC kritiséieren dann och d’Hausse vun de Bankfraisen a fuerderen, datt nach virun de Walen d’nächst Joer eng Steierreform ënnerholl gëtt. Dat mat enger Upassung vun de Barèmen un d’Inflatioun, enger Hausse vun de Spëtzesteiersätz an Entlaaschtunge fir elengerzéiend Stéit.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO