Réckruff vun der ALVAGlasstécker an der Lënsenzalot vun der Mark BIOG

RTL Lëtzebuerg
D'ALVA rifft eng Zort Bio-Lënsenzalot zeréck, well méiglecherweis Friemkierper kéinten dra sinn, méi genee Glas.
© RTL Grafik

Wéi d'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire en Dënschdeg matdeelt, ass de Produit "Lënsenzalot" vun der Mark BIOG mam Verfallsdatum op de 26/09/2026 aus de Regaler gezu ginn, wéinst der méiglecher Presenz vu Friemkierper respektiv kleng brong Glasstécker.

Huet een dëse Produit doheem, sollt een en op kee all konsuméieren an zeréck an de Buttek bréngen. Et kritt een entweder de Kafpräis zeréck oder de Produit gëtt ersat.

Méi Detailer zum Réckruff fannt Dir och um Site vun der Sécurité alimentaire.

Back to Top
CIM LOGO