
Wéinst wanterlechen Néierschléi an der éischter Hallschent vun der Nuecht, déi an der zweeter Hallschent an Äisreen kéinten iwwer goen, hat Meteolux eng landeswäit Alerte jaunes wéinst Glatäis erausginn.
D’Warnung gëllt e Méindeg vun 3 Auer an der Nuecht bis 10 Auer moies*. Meteolux preziséiert awer, datt den Zäitraum am Laf vum Dag nach änner kéint. Automobilisten a Foussgänger gëtt recommandéiert, ënnerwee opzepassen.
*E Sonndeg de Moie war d’Warnung bis 12 Auer gemellt. Dëst gouf rektifizéiert.
Um Méindeg de Moie gouf et keng Meldungen, dass et Problemer am Trafic géife ginn.
Op Nofro hin, huet de Schoulministère matgedeelt, dass hei am Land, anescht wéi an Nordrhein-Westfalen an am Saarland, d’Schoulen op bleiwen.