Alerte orangeGorgonzola AOP vun AMBROSI gëtt zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
De Gorgonzola AOP vun der Mark AMBROSI gëtt wéinst enger méiglecher Kontaminatioun zeréckgeruff, fir déi d'ALVA eng Alerte orange erausginn huet.
© RTL Grafik

De Gorgonzola AOP vun AMBROSI gëtt zeréckgeruff, dat wéinst enger méiglecher Präsenz vu Bakterie vum Typ Listeria monocytogenes. D’ALVA, d’Lëtzebuerger Opsiicht fir Liewensmëttel huet deemno eng Alerte orange fir de Kéis erausginn, déi nach bis de 27. Mäerz en place ass.

Weider Informatiounen zu Réckriff fannt Dir um Site securite-alimentaire.lu.

Back to Top
CIM LOGO