Besonnesch elo, wou déi sozial Kontakter wéinst der sanitärer Kris solle limitéiert ginn, wier et wichteg, dass déi betraffe Fraen net eleng gelooss ginn.
RTL huet Erfarungen aus dem Foyer Sichem vun der Fondatioun Maison de la Porte Ouverte gesammelt a bei der Associatioun „Femmes en détresse“ nogefrot.
Fir déi betraffe Leit wier et dat Wichtegst, dass net ewechgekuckt gëtt. Et wier keen einfache Schrëtt, sech un e Foyer ze wenden, ma fir dës Fra, déi anonym bleiwe wëll, war et déi eenzeg Méiglechkeet, fir nees e normaalt Liewe kënnen ze féieren
„Wéi ech bei him gelieft hunn, hat ech keng Fräiheeten. Den Auto duerft ech nëmmen huelen, wann hie wollt. A wann ech keen Auto hat, konnt ech néierens higoen. Wann hie wollt, huet en och d’Dier zougespaart an ech konnt net emol erausgoen.
Wéi ech dunn an de Foyer komm sinn, war dat immens stresseg. Ech koum aus enger Situatioun vu psychescher Gewalt a war wéi ënner Schock. An ouni de Support aus dem Foyer wier ech aus der Situatioun net erauskomm.“
Net ëmmer kënne sech déi betraffe Fraen selwer Hëllef sichen. Ëm sou méi wichteg ass dowéinst, dass aner Leit mierken, wann eppes net gutt leeft. Esou wéi bei dëser Fra, déi hire Mann verlooss huet, well hien reegelméisseg alkoholiséiert war:
„Ech war fir de Bilan bei der Enseignante vu mengem Kand an do hunn ech am Gespréich ugefaangen mat kräischen. Si huet mech gefrot, wat lass wier an do hunn ech hir erzielt, dass ech einfach midd sinn a mech eleng ëm alles këmmere muss.“
Doropshin goufen d’Prozeduren an d’Weeër geleet a mat der Hëllef vun enger Assistante Sociale konnt dës Fra mat hire Kanner am Foyer ënnerkommen.
Esou Beispiller weisen, wéi wichteg et ass, iwwert seng Situatioun ze schwätzen, mee och dass engem nogelauschtert gëtt, weess d’Direktesch vu Femmes en Détresse, d’Andrée Birnbaum:
„D’Leit mengen dacks, dass dat nëmmen e klengen Prozentsaz vun der Gesellschaft betrëfft. Wann ech awer zum Beispill soen, wat meng Aarbecht ass, da mierken ech wéi vill Dieren do opginn. Oder wéi vill Leit mir erzielen, dass et bei hiren Elteren, wéi si kleng waren, och net einfach war. Et huet een eng Frëndin oder et héiert ee bei der Nopesch, dass do Problemer sinn.“
An esou Fäll wier et wichteg nozefroen an Hëllef unzebidden. An Nout-Situatioune soll een natierlech direkt d’Police ruffen. D’Fraenhaus kann – deemno wéi d’Situatioun ass – eng méiglech Léisung sinn.
„Wann d’Frae selwer an akuter Gefor sinn oder hir Kanner. An op der anerer Säit wa si kee Selbstvertrauen hunn. Wa si net wëssen, wéi si eng Aarbecht fannen, wa si net wëssen, wéi si e Logement fannen. Déi ganz administrativ Demarchen hu si vläicht ni gemaach, well si keen Zougang zu hirem Konto haten. Dat sinn zum Beispill Fraen, déi mussen an engem Fraenhaus ënnerbruecht ginn, well ganz vill Opbauaarbecht mat hinne muss gemaach ginn.“
Dat huet och dëser betraffener Fra gehollef. No enger kuerzer Zäit am Foyer konnt si sech, no der néideger psychologescher Hëllef, en neit Liewen opbauen.
Fir eng éischt Prise en Charge kënne Persounen, déi vu Gewalt am Stot betraff sinn, de Centre Ozanam ënnert der Nummer 40 60 01 310 kontaktéieren. Wieder Informatioune fannt Dir och ënnert www.fed.lu.
