Logementsdebatt an der ChamberMinister Claude Meisch: "Iwwer déi meescht Fuerderunge vun de Jonke si mer eis eens"

Pit Everling
Jeannot Ries
D‘Logements-Protester vu jonke Leit ware Gëscht e Sujet an der Chamber-Plenière. D‘LSAP hat eng heure d‘actualité gefrot. Um Krautmaart gouf eng Debatt gefouert déi een zum Deel kennt.
Logementsdebatt an der Chamber
D‘Logements-Protester vu jonke Leit ware Gëscht e Sujet an der Chamber-Plenière.

Fir den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten muss d‘Regierung de Logement zur nationaler Prioritéit maachen. Déi schwaarz-blo Koalitioun hätt Efforte gemaach, mä konkret a wierksam Mesurë géife bis ewell ausbleiwen:

"Mir waarden nach ëmmer op en operationelle Regëster, deen et erlaabt, eidelstoend Wunnengen ze erfaassen. Mir waarden op déi annoncéiert Reformen, fir géint d' Spekulatioun a géint d' Zréckhale vum Bauland virzegoen. Mir waarden op e wierksame Schutz vun de Locatairen an d' Familljen, déi an der Vefa-Kris stiechen, waarden op e bessert gesetzlecht Sécherheetsnetz."

Den CSV-Deputéierten Alex Donnersbach fënnt d‘Fuerderunge vun de Jonke berechtegt. Hie stellt awer kloer, datt et ouni privat Investissementer net wäert goen:

"Wie privat Investitiounen am Wunnengsbau pauschal verdächtegt, dee mécht sech et hei ze einfach an deen hëlleft och hei och net der Cause, fir deene Jonken eng Wunneng ze verschafen. Mir brauchen all déi Leit, all déi Betriber, déi bereet sinn, ze investéieren."

Datt déi Rout an déi Gréng elo keng Gedold méi hunn, géing hien erstaunen, sou nach den Alex Donnersbach. Béid Parteie wieren 10 Joer an der Regierung gewiescht an hätten d‘Logements-Kris net geléist kritt. E Reproche deen déi gréng Deputéiert a fréier Logementsministesch Sam Tanson net esou wollt stoe loossen:

"Déi lescht Regierung huet véier Joer gebraucht, fir eng Hellewull u komplizéierten Texter auszeschaffen. Mir sinn elo hei dräi Joer an der Verantwortung vun der CSV-DP-Regierung. An do gesi mer awer, dass d' Volontéit net do ass, fir bei wichtegen Texter weider ze kommen. Virop d'Leerstandssteier."

D‘ADR stäipt sech géint eng Mobiliséierungssteier a wëll net um Proprietéitsrecht fréckelen. Déi Lénk vermëssen Donnée beim Leerstand a verlaangen eng ëffentlech Baufirma. D‘Pirate bedaueren, datt d‘Beweegung vun de Jonke vu verschiddene Parteien ënnerwandert gi wier, domat wier der Cause just geschuet.

De liberale Ressortminister Claude hat un déi Jonk dëse Message:

"Iwwer de Gros vun deene Mesurë si mer eis eens. Jo, ech sinn ongedëlleg, dat ass wouer, mee et ass awer och esou, datt déi eenzel Projete virun allem, wa se och technescher Natur sinn, brauchen awer hir Zäit, wéi zum Beispill den nationale Wunnengsregëster."

D'Chamberdebatt koum an der Suite vun zwou rezente Protestaktiounen an der Stad.

Back to Top
CIM LOGO