No bal 20 Joer ProvisoireDen Abrisud zu Esch huet e fest Gebai

Gilles Hoffmann
Zënter 2007 hu wunnengslos Mënschen zu Esch hir Nuechten a Container beim Parking Burgoard verbruecht. Dat Ganzt war eigentlech just als Provisoire geduecht.
Den Abrisud zu Esch huet e fest Gebai
Zënter 2007 hu wunnengslos Mënschen zu Esch hir Nuechten a Container beim Parking Burgoard verbruecht. Dat Ganzt war eigentlech just als Provisoire geduecht.

Elo ass de "Foyer de Nuit Abrisud" an e fest Gebai am Quartier Al Esch, bei der Rue de la Fontaine, geplënnert. Offiziell ageweit gouf en dës Woch.

Méi Plazen, méi Confort

Am Provisoire waren et fréier 18, méi spéit 22 Better. Am neie Gebai sinn et 31: zéng Eenzelzëmmeren, zwee Duebelzëmmeren, véier Zëmmere fir dräi Leit an en Dortoir mat dräi Better fir den Noutfall. Dozou kommen zwee Zëmmeren am Rez-de-chaussée, déi speziell fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit ageriicht sinn. Fréier hu si misse bis an den éischte Stack.

D'Direktesch Maureen Lanners erkläert, dass de ganze Gebai geschlechtsneutral konzipéiert ass. All Mënsch soll sech do wuelfillen egal op Mann, Fra, eppes dotëscht oder driwwer eraus, dofir sinn och d'Duschen an d'Toiletten Unisex. Nei ass och, dass d'Leit hir Déieren dierfe matbréngen. Si mussen se also net méi op der Strooss loossen.

Alkohol bis 15 Prozent am Gemeinschaftsraum

Déi gréissten Ännerung betrëfft d'Hausreegelen. Am Gemeinschaftsraum dierf elo Alkohol bis zu 15 Prozent gedronk ginn. Dat huet e Grond, seet d'Direktesch: Vill Suchtkrank hunn d'Struktur fréier an der Nuecht verlooss, well de Suchtdrock ze héich war. Heiansdo hunn si dono net méi dierfen erakommen. Doriwwer eraus sollen och déi aner Awunner profitéieren, well d'Leit net méi dauernd eran an eraus ginn, mee am Abrisud drénke kënnen.

Eng Reegel bleift: Moies um 9 Auer muss een dobausse sinn, um Weekend um 10 Auer. Oppe fir d'Nuecht ass de Foyer an der Woch um 17 Auer, um Weekend an op Feierdeeg um 16.15 Auer, 365 Deeg am Joer.

Housing First: Fir d'éischt d'Wunneng, dann de Rescht

Ongeféier d'Hallschent vun de Better gëtt am neie Gebai fir Housing First notzt. De Prinzip: D'Leit kréie fir d'éischt eng eege Wunneng, ouni datt se virdru vill Konditioune mussen erfëllen. Éischt dono gëtt un hire Problemer geschafft, zum Beispill un der Sucht, de Scholden oder der Gesondheet. De Familljeminister Max Hahn gouf gefrot, ob et esou Strukturen net och an anere Gemenge bräicht. Hie kann sech dat virstellen, och a klenge Formen: eng Struktur mat aacht Better, wéi se zu Hollerech schonn a Betrib ass, oder een eenzele Studio, deen eng Gemeng oder e Privatmann zur Verfügung stellt.

Waardelëscht bleift laang

Fir eng fest Plaz am Abrisud muss ee sech als éischt umellen, d'Pabeieren a Sozialrechter virweisen, an eemol de Mount bestätegen, dass een nach ëmmer interesséiert ass. D'Waardelëscht ass am Moment relativ laang. Wéi laang et dauert, hänkt awer net just vun der Zuel vun de Leit of. An der Moyenne rechent d'Direktesch mat dräi bis sechs Méint.

Eng Investitioun an d'Realitéit

De Bau huet ongeféier 10,5 Milliounen Euro kascht. 75 Prozent dovun iwwerhëlt de Familljeministère. Den Escher Buergermeeschter Christian Weis betount, et wier "en Investissement an d'Realitéit vun enger ganzer Rëtsch Leit": vun deene, déi hei hir Nuechten a Deeg verbréngen, a vun deene,n déi hei schaffen.

Den neien Abrisud ass also méi wéi just en neit Gebai: Hie soll en Netz ginn, wou Wunnengslos net duerch d'Masche falen.

Back to Top
CIM LOGO