Zwar geet d’eestëmmeg Decisioun vum Gemengerot op de September d’lescht Joer zeréck (hei am Gemengebuet ze liesen), sou goufen d’Betriber op Leidelenger Territoire eréischt rezent gewuer, datt se aachtmol méi Grondsteier (Impôt foncier) misste bezuelen.
Ee Betrib sot RTL géigeniwwer, hir Contributioun wier vu 15.000 Euro op 120.000 Euro geklommen. Bei engem aneren ass et vu ronn 8.000 op 70.000 Euro eropgaangen. Den Yves Steinhäuser vum Betrib mam selwechten Numm seet: “Se hätten eis jo virdru kéinte consultéieren oder d’Steier lues a lues eropsetze kënnen. Awer mol 8, direkt de Maximum froe wat se dem Gesetz no dierfen, fannen ech schonn e staarkt Stéck.”
No der Hausse vum “taux multiplicateur” op 4.000 Prozent (hei d’Erklärungen ewéi d’Grondsteier berechent gëtt) huet Leideleng elo déi héchst Grondsteier hei am Land a se ass do véiermol esou héisch ewéi zu Beetebuerg, d’Nummer 2 um Podium. D’Firma Connnectcom seet, wéinst deem “Desaster” wier d’Gemeng ze verloossen, “sécherlech eng Optioun”.
Firwat huet d’Gemeng déi radikal Hausse decidéiert? Ma well duerch d’Reform vum Gemengefinanzéierungsgesetz vun 2016 nei Krittären agefouert goufen, fir d’Steierrecette vun de Gemengen ënnert den 102 Gemengen ze verdeelen (via fonds de dotation globale des communes). D’Buergermeeschtesch Diane Feipel erkläert et esou: „Duerch d’Gesetz vun 2016 ass eng nei Ëmverdeelung gemaach gi vun de Gemengefinanzen. Dat ënnert dem deemolegen Inneminister Dan Kersch. Do ass d‘Optik vun der Ëmverdeelung, datt d’Gemengen alleguer sollen e Stéck vum Kuch vun der Gewerbesteier mat ofkréien.”
Well Leideleng mat just 2.800 Awunner op just 13,5 Quadratkilometer eng kleng Gemeng ass, wou awer ganz vill Betriber sinn, ass Leideleng de grousse Verléierer vun der Reform. Virun der Reform hätt d’Gemeng 8 bis 9 Milliounen Euro via Gewerbesteier erakritt, mee no der Reform wieren et just nach 1,5 Milliounen, sou d’Diane Feipel. Si seet dat géing knapps duergoen, fir d’Infrastruktur ze finanzéieren.
Mat der Hausse vun der Grondsteier wollt d’Gemeng also d’Lach fëllen. Fir de Betriber awer entgéintzekommen huet d’Gemeng awer d’kommunal Gewerbesteier (den ICC) ëm 10 Prozent erofgesat (d’Gemeng huet hei den Taux multiplicateur vun 250 op 225 reduzéiert). Der Gemeng no géing een esou 700.000 Euro all Joer un d’Betriber zeréckginn. De Claude Dupont vun der Firma Connectcom zu Leideleng a Gemengeconseiller an der Gemeng Biwer seet awer, d’Gemeng Leideleng kéint net rechnen.
D’Recettë vum ICC hänken nämlech vum Benefice vun de Betriber of, dowéinst kéint ee keng esou eng Zuel einfach an de Raum geheien. Säi Betrib géing duerch d’Reduktioun vum ICC héchstens 3.000 Euro manner musse bezuelen, iwwerdeems säi Betrib bal 60.000 Euro méi u Grondsteier elo misst bezuelen, also géing d’Baisse vum ICC d’Hausse vun der Grondsteier bei Wäitem net kompenséieren.
„Hir Finanzkommissioun huet ganz kloer gesot: maacht et net! D’Finanzkommissioun huet iwwert de Facteur 6 geschwat. Et gouf ‘zähneknierschend’ en Accord op Facteur 3. besser souguer Facteur 2, heescht just eng Verdueblung vun der Grondsteier. Do wiere mer natierlech net frou gewiescht, mee hätten et awer acceptéiert. D’Buergermeeschtesch mécht d‘Abstraktioun vun allem a proposéiert ee Facteur 8 an dat gëtt ugeholl. Dat versteet hei keen an der Zon”, sou de Claude Dupont.
D’Buergermeeschtesch Diane Feipel verséchert, wann d’Gemengefinanzéierungsgesetz esou géing geännert ginn, datt Leideleng op d’mannst 3 bis 4 Millioune vun der Gewerbesteier kréich, da wier se net retizent, fir d’Grondsteier nees erofzesetzen. Si gëtt och zou an entschëllegt sech e bëssen, datt d’Decisioun net méi fréi de Betriber matgedeelt gouf, mee weist drop hin, datt d’Gemengeréit public sinn an d’Betriber och en Erklärungsbréif kruten.
D’Gemeng ass zanter Joren am Clinch mam Inneministère, mee wier op daf Ouere gestouss. Vun enger Plainte, déi se gemaach huet, erwaart sech d’Gemeng och net vill. De Claude Dupont an aner Entrepreneuren hunn och juristesch Schrëtt ënnerholl. Mat den Affekote wéilt ee méi Informatiounen a Konte vum de Fonds de dotation kréien.
Leidelenger Oppositioun mellt sech zu Wuert
En Dënschdeg de Moie koum e Communiqué vun der Oppositioun aus dem Leidelenger Gemengerot, wou de Schäfferot de Réck gestäipt kritt.
“Zesumme fir Leideleng” hätt deemno schonn 2018 via eng Motioun, déi net ugeholl gouf, eng Hausse vun der Grondsteier, parallel zu enger Reduktioun vun der Gewerbe-Steier ze maachen, proposéiert.
Et gëtt virgerechent, dass déi lokal Betriber an der Moyenne elo keng Méikäschten ze droen hätten. Just de Staat géif 2,5 Milliounen manner Gewerbe-Steier kréien.
Den Ënnerhalt vun der Aktivitéitszon géif héich Käschten mat sech bréngen, an ouni d’Zousaz-Recette wier et kaum méiglech de Leidelenger Gemenge-Budget am Equiliber ze halen.