Mikhail Fridman vu Sanktiounslëscht gestrachGros vun der Oppositioun reagéiert mat Kritik, DP wosst net Bescheed

Pit Everling
Lëtzebuerg ass eent vun de Länner, wat sech zu Bréissel dofir agesat huet, datt verschidde russesch Oligarche vun den EU-Sanktiounslëschten erofgeholl ginn.
Sträiche vu Sanktiounslëscht: De Premier Luc Frieden verweist op héich national Interessien.

© AFP

Am Lëtzebuerger Fall geet et ëm de russesch-israeelesche Geschäftsmann Mikhail Fridman. Deen huet eng Plainte géint Lëtzebuerg gemaach, well säi Geld hei am Land agefruer gouf. Hie verlaangt 16 Milliarden.

An der Chamber falen d'Reaktiounen op d'Lëtzebuerger Approche gemëscht aus. Interessant ass, datt d'DP-Fraktioun seet, si wier net um Courant gewiescht.

Aus der internationaler Press wier ee gewuer ginn, datt d'Lëtzebuerger Regierung soll Drock gemaach hunn, fir den Numm Mikhail Fridman vun der Sanktiounslëscht ze sträichen. Dat war eng Kritik, déi méi ewéi ee Fraktiouns- oder Sensibilitéitschef um RTL-Mikro formuléiert huet. D'Remarque koum och aus de Reie vun enger Regierungs-Partei. De liberale Fraktiounspresident Gilles Baum:

"Ech muss Iech soen, ech sinn dat aus der Press gewuer ginn, ech sinn immens iwwerrascht, ech hat och nach wierklech keng Geleeënheet, fir mech am Fong auszetauschen, mat Leit aus menger Partei respektiv aus der Regierung, mä dat wäerte mer an den nächsten Deeg maachen."

Wat de Gilles Baum lo vun der Decisioun hält, wollt hien net soen. Iwwerhaapt näischt vun där hält op alle Fall de Marc Baum, Deputéiert vun déi Lénk, deen nawell stramm Wierder fënnt:

"Ouni Detailer wierkt et fir mech, souwéi wann eist Land sech vu Russland vum Aggresseur huet erpresse loossen, net méi an net manner. "

Sollt sech rausstellen, datt d'Regierung hei dem Drock vum Här Fridman noginn huet, da wier d'Decisioun, fir d'Sanktioune falen ze loossen, ze bedaueren, seet déi gréng Deputéiert Sam Tanson:

"Well d'Sanktioune si jo net do, just fir en eegenen Interessi an en Equiliber ze bréngen, mee déi Sanktioune sinn do, well Russland en illegale Krich géint d'Ukrain lancéiert huet."

D'LSAP huet eng Question urgente gestallt an acceptéiert d'Argument net, datt Lëtzebuerg dës Fuerderung just formuléiert hätt, well aner Länner och Doleancen haten. D'Fraktiounscheffin Taina Bofferding:

"Et héiert sech awer e bëssen un, wéi wann do esou e Kouhandel gemaach ginn ass, kee wëll kloer Stellung huelen. An ech bedaueren och, wou d' Press intervenéiert ass, fir vun der Regierung eeben do Konkretes gewuer ze ginn, dass do kee wollt Stellung huelen. Elo kréie mer et iwwert eng Question parlementaire, mä och dat weist erëm d' Kommunikatioun vun der Regierung, déi awer wierklech méi wéi ze wënschen iwwreg léisst."

Ma um Krautmaart sëtzen net just Kritiker an dësem Dossier. Den CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet stellt sech voll a ganz hannert d'Approche vun der Regierung:

"Ech ka just feststellen, datt zwou Persoune vun der Sanktiounslëscht erofgeholl goufen. Eng dovunner, déi erofgeholl gouf, mat där Lëtzebuerg am Clinch ass, an ech denken, datt et am Interêt vum Land ass, datt déi Léisung hei fonnt gouf."

Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup ass och der Meenung, datt Lëtzebuerg déi richteg Decisioun geholl huet:

"Ech mengen, dass mer do an enger Situatioun elo waren an nach ëmmer sinn, wou Lëtzebuerg e ganz grousse finanzielle Risiko huet, wou et ëm Milliarde geet, déi mir eventuell kéinten zréckbezuelen an da sinn ech éischter frou, well ech jo awer u mäi Land denken, wann déi Sanktiounen do opgehuewe ginn."

De Premier Luc Frieden verweist jo op héich national Interessien. Domat dierften déi gefuerdert 16 Milliarde gemengt sinn. Déi 16 Milliarde maachen ëmmerhin ronn d'Hallschent vum Staatsbudget aus.

Back to Top
CIM LOGO