VerfassungsreformGrouss Majoritéit fir nei Verfassung, Ännerunge missten nach gemaach ginn

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem missten nach vill Detailer gekläert ginn, éier d'Verfassung an e Referendum kënnt.

De Vott an de Referendum fir eng nei Verfassung musse seriö am Virfeld diskutéiert ginn, fir datt et herno keng Surprise gëtt, huet d'Oppositioun an der Institutioune-Kommissioun vun der Chamber gefuerdert. Déi grouss Parteien awer gesi sech um gudde Wee.

Verfassungsdiskussioun / Reportage Nico Graf

D'Koalitioun fir eng nei Verfassung ass jo enorm grouss, well och d'CSV do mat am Boot sëtzt. A bis ewell matmécht wéi ofgemaach.

De Léon Gloden ass formell: "Et gëtt kee Problem vun der CSV mat aktuelle Verfassungstext".

De Premier Xavier Bettel sot et wéi all déi aner och: d'Verfassung-Prozedur ass Chamber-Saach. Dat gesäit och de Léon Gloden esou. Wéi een de Leit awer elo den Text wëll erklären, muss een an den nächste Sëtzunge kucken.

Déiselwecht Klack laut och beim Alex Bodry, deen och erkläert, datt d'Majoritéit fir déi nei Verfassung wäit iwwert déi aktuell Regierungsmajoritéit erausgeet.

D'Oppositioun sinn an dësem Fall also déi wierklech kleng Parteien. De Pirat Sven Clement wëll e Problem berengegt hunn, ier et ugeet. Déi ganz Reform muss gutt virbereet ginn an d'Leit mussen a Connaissance de cause kënnen ofstëmmen, an dofir mussen och vill aner Froen an Diskussiounen an der Chamber scho virum Referendum gekläert sinn.

Do sinn jo schonn Diskussiounen am Gaangen, betount de Lénke Marc Baum. Et geet do ëm Gemengen, déi de Bezierk wiessele wëllen. Och dat ass en Thema fir d'Verfassung, wat muss diskutéiert ginn. An dofir kann et och sinn, datt deen Text, dee an der leschter Period eng grouss Majoritéit hat, net och genau esou wäert an d'Ofstëmmung kommen, mä dat nach am Virfeld iwwer verschidden Texter muss diskutéiert ginn.

Déi roueg Verfassungsdiskussioun kéint also méi animéiert ginn, wéi bis ewell geduecht.

Back to Top
CIM LOGO