Pressekonferenz Bettel/LenertGroussen Undrang op de Waardelëschte fir d'Impfungen

Claudia Kollwelter
D'Impfunge stëmmen een optimistesch an hunn e staarken Impakt op de Virus, mä och d'Schnelltester kéinten zu méigleche weideren Ouverturë féieren.
Groussen Undrang op de Waardelëschte fir d'Impfungen
D'Impfunge stëmmen een optimistesch an hunn e staarken Impakt op de Virus, mä och d'Schnelltester kéinten zu méigleche weideren Ouverturë féieren.

Undrang op de Impf-Waardelëschten / Rep. Claudia Kollwelter

Dat hunn de Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Freideg de Mëtteg nom Regierungsrot betount an nächste Mëttwoch als Stéchdatum genannt, fir méiglech Lockerunge vun de Mesuren.

Den Impfstoff vun Johnson&Johsnon gëtt hei zu Lëtzebuerg iwwerdeems weider u Leit iwwer 30 Joer verimpft. Dat huet de Conseil supérieur des maladies infectieues a sengem Avis festgehalen, huet de Premier Xavier Bettel annoncéiert.

Wat d’Waardelëscht ugeet, déi jo e Freideg online gaangen ass, fir d’Impfdosissen, déi owes iwwreg bleiwen, huet de Premier preziséiert, datt sech scho 4.100 Leit do ageschriwwen hunn, de Chiffer vun Dosissen, deen iwwreg bleift, allerdéngs e ganz klenge wier. D’Leit kéinten also net all domat rechnen, geruff ze ginn.

Xavier Bettel: "Ech hat Iech d'Zuelen d'lescht Kéier ginn. Vun iwwer 90.000 Dosen, déi versprëtzt gi waren, ware manner wéi 10 Stéck net benotzt ginn. Et muss een dat an d'Realitéit setzen. Et ass net, datt déi 4.100 Leit an den nächsten Deeg telefonéiert kréien. Et ass geduecht, datt elo, wann d'Kadenz méi héich gëtt, mer net an d'Situatioun kommen, wou 4 oder 5 Dose pro Impfzenter ewechgehäit ginn."

D’Waardelëscht, fir fräiwëlleg mat AstraZeneca geimpft ze ginn, hat jo och grousse Succès mat 30.000 Umeldungen. Ronn d’Hallschent dovun hätt schonn e Rendez-vous fir déi nächst Deeg. Wéini déi aner do dru kommen, géif vun de Liwwerungen ofhänken, ma et wéilt ee keng Zäit verléieren, huet de Xavier Bettel betount.

Wat méiglech Oplockerunge vun de Mesuren uginn, huet de Premier op nächste Mëttwoch verwisen. Dat awer ënnert der Viraussetzung, datt d'Chiffere stabel bleiwen. Et géif weider u Konzepter geschafft ginn. Ënnert anerem méi large Mesuren am Private wieren an der Diskussioun. Mä och d'Schnelltester kéinten eng Roll spillen, ob a wou weider Ouverturen decidéiert ginn.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert: "Bei de Schnelltester ass et d'Reegelméissegkeet, déi et mécht. Mir wëllen dorop raus, datt et zur Gewunnecht gëtt, wann et e Risk gëtt. Wann een op Besuch geet, bei eeler Leit geet, do, wou een net op Distanz kann oder d'gestes barrières respektéiere kann. Do mécht et Sënn, sech via Selbsttest ze vergewësseren, ob een net awer infektiéis ass."

Eng Commande vu 14,5 Milliounen där Tester géif lafen. Den Asaz dovun soll der Ministesch no zu enger Routine ginn, déi an hiren Aen e gudden Zousaz zu de gestes barrières sinn. Nieft de Spideeler a Fleegeheemer, wou d'Schnelltester jo schonn agesat ginn, sinn an Zukunft ënnert anerem och d'Betriber viséiert. "Kultur, Aarbecht, Horesca - dat sinn natierlech alles Secteuren, wa mer do méi Normalitéit wëllen, wiere Schnelltester eng zousätzlech Sécherheet, wann ee méi Kontakter huet a méi Proximitéit wëll méiglech maachen", sou d'Paulette Lenert.

Et ass och virgesinn, datt Leit, déi zum Beispill am Chômage sinn, de Revis kréien oder an der Pensioun sinn e Bong kréien, mat deem se sech eng Këscht Tester an d’Apdikt kënne sichen goen.

Wann d'Liwwerungen vun de Vaccin-Hiersteller all ukéimen, kéinten dem Xavier Bettel no weider 164.000 Leit geimpft ginn: "Vu Pfizer hu mer 265.590 Dosen versprach krut, vun AstraZeneca 21.600 fir déi éischt Woch Mee. Dat krute mer ugekënnegt, mä kruten nach keng Confirmatioun. A Moderna 40.800 bis Enn Juni."

Wat d'indesch Variante vum Virus uginn, huet d'Gesondheetsministesch betount, datt ee virsiichteg muss sinn. An deem Kontext wier och decidéiert ginn, datt zousätzlech Mesuren en place gesat ginn. Dat heescht konkret, datt Leit, déi aus Indien op Lëtzebuerg reesen, ier se an de Fliger klammen, en negativen Test virweise mussen, bei der Arrivée zu Lëtzebuerg e PCR-Test maachen an uschléissend 7 Deeg a Quarantän mussen.

D'Pressekonferenz am Replay

De Resumé aus dem Conseil de gouvernement fannt Dir hei

Back to Top
CIM LOGO