De Smartphone: Fir déi meescht vun eis net just e Kommunikatiounsmëttel, mee an engems och Wecker, Musekanlag, Reesagence, virtuelle Guichet an Zougang zu Millioune Butteker.
Datt den treie Begleeder vläicht mol méi straalt, wéi d’EU erlaabt. Dovunner geet ee jo eigentlech net aus. Ass awer de Fall, denoncéiert den Dr Marc Arazi, President vun der franséischer Associatioun Phonegate Alerte.
De Mann, dee sech als Whistleblower gesäit, hat am Juli op Invitatioun vun Akut, dem Aktiounsgrupp fir Ëmwelttoxikologie, eng Konferenz zu Lëtzebuerg gehalen. Trotz gesondheetleche Risiken – d’WHO stuft d’Handystrahlung als “méiglecherweis kriibserreegend” an - géifen d’Autoritéite de Precautiounsprinzip net seriö genuch applizéieren. Denoncéiert de Marc Arazi a sengem Buch.
“Tout va partir d’un rapport de notre agence sanitaire, l’ANSES, qui en 2016 va sortir un rapport publique dans lequel elle explique que 9 sur 10 dépassent le seuil réglementaire et de beaucoup.”
Op Drock vu senger ONG géif déi franséisch Frequenzen-Agence mëttlerweil hir Tester publizéieren a géint Hiersteller virgoen. Am Verglach zu Lëtzebuerg wär Frankräich scho méi wäit.
“On n’est plus au même niveau qu’au Luxembourg. Aujourd’hui on a déjà fait retirer du marché ou mettre à jour 35 modèles de téléphones portables depuis 2018.“
Allgemeng géif den Hiersteller an der EU net richteg op d’Fanger gekuckt ginn. An d’Ëffentlechkeet net genuch op de richtegen Handy -Gebrauch sensibiliséiert ginn.
Reprochen, deene mer en Donneschdeg an engem Reportage am RTL-Magazin op de Fong ginn.