Aus dem PolicebulletinHandy zu Bouneweg aus den Hänn gerappt, Auto zu Bierchem geklaut

RTL Lëtzebuerg
Zu Bouneweg krut e Sonndeg ee Mann säin Handy mat Gewalt aus der Hand gerappt. Zu Bierchem hunn d'Abriecher vun engem Auto de Schlëssel vun engem aneren Auto fonnt, mat deem si da fortgefuer sinn.
D'Police war e Sonndeg ënner anerem zu Bierchem an zu Bouneweg am Asaz.
© Laurent Weber

D'Police war an der Nuecht op e Sonndeg op zwou verschiddene Plazen am Asaz. Zu Bouneweg an der Rue Marie et Pierre Curie gouf fir d'éischt ee Mann gemellt, dee säin Handy aus der Hand gerappt krut, nodeems e vun zwee anere Männer ugeschwat gi war. Béid Persoune konnte sech doropshin duerch d'Bascht maachen.

E Sonndeg de Moie gouf der Police dann nach en Autodéifstall an der Rue du Chemin de Fer zu Bierchem gemellt. Bis elo onbekannt Täter haten hei déi hënnescht Fënster vun engem geparkten Auto ageschloen an doraus eng Rei Géigestänn wéi e Parfum, e Sonnebrëll, eng Auer an och den Autosschlëssel vun deem Auto, dee virdru stoung, geklaut. Mat dësem si si dann a Richtung Gare geflücht.

Back to Top
CIM LOGO