
Eng Kéier huet kuerz no 18 Auer d’Gespär vun engem Haus am Réibau zu Helsem gebrannt, d’Ekippen aus der Stad, Walfer, Steesel, Luerenzweiler, Lëntgen a Biissen waren hei am Asaz. En zweet Feier zu Schëmpech war ronn 20 Minutte méi spéit. De Rettungsdéngscht vu Wëntger war hei op der Plaz.