Den Ament si Mataarbechter am Gaangen ze kucken, wéi een de Leit déi nächst Méint iwwer hëllefe kann. Virop an de Gebidder, déi vun de Russen zerstéiert goufen, elo awer nees als sécher gëllen, ass d’Caritas aktiv.
De Michael Feit vun der Caritas ass ewell schonn déi drëtte Kéier zënter dem Ufank vum Krich an der Ukrain. Hie wëll sech e Bild vun der Situatioun op der Plaz maachen. Bis ewell huet d’Caritas de Leit gehollef, duerch de Wanter ze kommen. Elo geet et drëms, erauszefannen, wat déi nächst Méint iwwer am néidegste gebraucht gëtt.
An den Oste vum Land kënne si net goen, fir ze hëllefen. Ze geféierlech soen déi ukrainesch Autoritéiten. En Dënschdeg war de Michael Feit nërdlech vun der Haaptstad ënnerwee. Hei huet d’Caritas Haiser, déi am Krich zerstéiert goufen, gefléckt oder zum Deel nei gebaut.
Et wär kloer, d’Hëllefsorganisatioune brauchen e laangen Otem an der Ukrain.