Logement zu LëtzebuergHenri Kox korrigéiert Ausso vum Xavier Bettel

RTL Lëtzebuerg
Dës Verbesserung goufen d’Deputéiert aus der zoustänneger Chamberkommissioun vum Logementsminister Henri Kox gewuer.
© RTL Archiv

A senger Ried zur Lag vun der Natioun hat de Premierminister Xavier Bettel gesot: "Bis 2025 sollen déi ëffentlech Bauträger 8.200 zousätzlech Logementer bauen". Wéi elo um Chambersite ze liesen ass, huet de Logementsminister déi Ausso op Nofro vun engem Oppositiounsdeputéierte verbessert.

Den Henri Kox huet de Budget 2022 fir de Logement presentéiert, dee soll ëm 2 Prozent wuesse par Rapport zu dësem Joer op 267,5 Milliounen Euro. Iwwert déi nächst 3 Joer soll de Budget weider wuessen op 385,1 Milliounen Euro 2025. De Minister huet iwwerdeems erkläert, datt d’Hëllefen 2022 ëm bal 10 Prozent erofginn – dat wier, well déi aktuell Aiden net méi de Besoinen ugepasst sinn. An den nächste Woche géing e Gesetzprojet déposéiert gi fir d’Logementshëllefen ze reforméieren.

Méi Informatiounen an Detailer ginn et um Site vun der Chamber!

Hien hätt de Logementsminister dorop ugeschwat, well hie sech gefrot huet, wéi sou vill Wunnenge mam Budget 2022 a mam Pluriannuelle Budget sollte gebaut ginn, seet de CSV-Deputéierte Marc Lies am RTL-Interview: "Mat deem Budget, deen dir hei erstellt kënne jo awer déi iwwer 8.000 Wunnengen net gebaut ginn. Du sot den Här Kox deem wär och net sou, well déi iwwer 8.000 Wunnengen, déi wiere konventionéiert, dat heescht déi stinn an engem Programm nidder geschriwwen an déi Wunnengen, déi ginn dann an den nächste 5, 10, 15 oder 20 Joer gebaut awer definitiv net bis 2025, dat ass vum prakteschen hir och guer net méiglech a vum finanziellen, wat am Budget steet scho guer net."

De Marc Lies iwwert de Logement

2014 hätt de Xavier Bettel och schonn annoncéiert, datt de Staat iwwert déi nächst Joren 10.000 Wunnenge géing bauen, kommentéiert de Marc Lies de Mëssel: "Fir mech sinn et Annoncen, an dësem Fall war et dann nees eng Annonce, déi sollt soen "Hei mir huelen eis där Problematik Wunnengsbau un a mir kucken dass schnellstméiglech eppes geschitt". Wat definitiv awer der Realitéit net entsprécht an ech menge wann een esou eng Ried preparéiert, da misst een awer och op esou engem Punkt, besonnesch an esou engem prekäre Sujet ronderëm de Wunnengsbau awer ganz genee oppassen, wat ee seet."

De Marc Lies vun der CSV

De Logementsminister hätt den Deputéierten erkläert, datt de Staatsminister seng Aussoen och revidéiert hätt - de Marc Lies wéist awer net, wéini dat sollt gewiescht sinn. An der schrëftlecher Versioun vun der Ried geet op alle Fall kloer vun "bauen" rieds.

Back to Top
CIM LOGO