Roberto Traversini seet ausHien hätt sech wëllen ëffentlech erklären

Diana Hoffmann
Um 2. Prozessdag huet de fréieren Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini ausgesot. Dobäi huet hien och deen een oder aner Feeler agestanen.
De Roberto Traversini e Méindeg um Geriicht.
© RTL

Am Roberto Traversini sengem Gaardenhaische baakt elo eng afghanesch Flüchtlingsfamill Brout. Dat ass wuel dat eenzegt positiivt, wat de fréieren Déifferdenger Buergermeeschter nach mat sengem Gaardenhaischen a Verbindung bréngt. Bei deem Punkt gouf viru Geriicht esouguer kuerz gelaacht. Fir de Recht war et dem fréiere Gréngen-Deputéierten awer guer net fir ze laachen. Och 6 Joer no der sougenannte Gaardenhaischen-Affär hat hien nach zäitweis mat sengen Emotiounen ze kämpfen, wou hie sech un d’Faiten, déi him reprochéiert ginn, erënnert huet. Dës hunn näischt méi mat der deemoleger Gaardenhaischen-Affär ze dinn, wou d’Justiz decidéiert hat, dass et net zum Prozess kéim.

Wéinst 11 Faiten huet de Roberto Traversini sech da mussen en Dënschdeg virun de Riichter vun der 7. Chambre correctionnelle erklären. Déi gravéierendste Reprochë sinn hei déi vun der Prise illégale d’interêts, also dass hie seng Positioun fir säin eegene Profit genotzt hätt, an d’Verontreiung vun ëffentleche Suen. “Ech wëll fir meng Feeler, wann ech da Feeler gemaach hunn, riicht stoen”, sot den Ugekloten. Dofir hätt hien och kee Jugement sur accord acceptéiert. E Jugement sur Accord ass eng Eenegung, e Scholdgeständnes, wat tëscht dem Ugekloten, sengem Affekot an dem Parquet hannert zouenen Diere verhandelt gëtt. Ma de Roberto Traversini sot, hien hätt sech wollten ëffentlech erklären.

Bei ville Punkten hat hien eng Erklärung fir säin Handelen deemools. Wisou huet de Stagiaire Pläng fir e Privathaus gezeechent? D’Privathaus sollt, op Demande vum Educatiounsministère zu engem Centre socio thérapeutique ëmfunktionéiert ginn. Doriwwer eraus hätt de Stagiaire soss keng Aarbecht gehat deen Ament. Wisou huet d’Beschäftegungsinitiativ CIGL Aarbechte gemaach a krut keng Suen dofir? “Ech si gefrot ginn, fir do eng Formatioun fir de CIGL ze maachen”, sou eng weider Äntwert vum fréieren CIGL-President Roberto Traversini. Bei ville Punkten huet de fréieren Déifferdenger Buergermeeschter awer och Feeler agestanen. Dëst besonnesch mat Bléck a Wësse vun haut. “Och do muss een de Kontext kucken”, huet hien dem Virsëtzende Riichter eng aner Kéier erkläert. A weider: “Ech hat vill ze vill Kapen un. Am Nachhinein weess ech dat.

Et kann een 100 Saache richteg maachen an et ginn déi 10 verhalen, déi ee falsch gemaach huet”, huet de Procureur a sengem Requisitoire gesot, deen hien en Dënschdeg ugefaangen huet. Net all déi reprochéiert Faite wieren immens schlëmm, mä hie géing an der Suitte präziséieren, wat de Parquet als méi oder manner grave klasséiert. D’Gaardenhaische wier bei wäitem dat mannst gewiescht, mä et wier do, wou et lassgaange wier. Fir den Ugeklote selwer war mat där Affär en anert Liewen ugaangen. “Et huet kee mer méi gegleeft. Bei allem, wat ech eng Zäit laang gesot hunn”, huet de Roberto Traversini ënnerstrach. All Dag wier eppes méi Schlëmmes bäikomm, wat iwwer hie verzielt gi wier. An der Suitte vun der Gaardenhaischen-Affär hat hien an déi deemoleg Ëmweltministesch Carole Dieschbourg demissionéiert.

E Mëttwoch geet et weider mam Requisitoire vum Parquet a mat de Plaidoirie vun den Affekoten.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO