
Hier wär et gewiescht, mee hien hätt seng Fra net mat Préméditatioun ëmbruecht. Et wier net geplangt gewiescht, hat den Ugekloten um éischten Dag virun de Riichter vun der 13. Chambre criminelle gesot. Wou him dobäi d’Tréine komm sinn, huet déi Virsëtzend Riichterin hien direkt zréckgeholl: “Dat funktionéiert hei net”, an huet op d’Rapports psychologiques verwisen.
Dës goufen en Donneschdeg de Mëtte presentéiert. Wärend der Expertis hat den Ugeklote gesot, hie wier e “Monsieur tout le monde”, deen e gereegelt Liewe gär hätt an net wéilt, wann eppes d’Routine géing briechen. Hie wier houfreg op seng Fra gewiescht, an op d’Relatioun, déi hie mat dëser 40 Joer laang gehat hätt. Ni hätt ee gestridden, ma déi lescht 12 Joer hätt ee sech méi distanzéiert gehat. Wou seng Fra him du gesot huet, dass si sech wéilt definitiv vun him trennen, well se eng nei Bekanntschaft gemaach hätt, wier fir hien eng Welt zesummegebrach.
Des Ëfteren hätt den Ugeklote bei der Psychiater betount, dass hien net kéint eleng sinn. Hie wier net jalous op den neie Mann vu senger Fra gewiescht, mee et wier fir hien inakzeptabel gewiescht, eleng ze sinn. Doriwwer eraus hätt de 66 Joer alen Ugekloten d’Tendenz Saachen ze banaliséieren. “Et ass ganz schlëmm, wat passéiert ass, mee et kéint jidderengem passéieren”, sou eng vu sengen Aussoen. Wann hie gesot hätt, dass him eppes Leed géing doen, wier et ëmmer op eng Persoun bezu gewiescht. Et géing him zum Beispill Leed doen, dass hien elo eleng wier.
Dass de Mord eng Affekthandlung gewiescht wier, huet d’Psychiater, wéi schonn den Dag virdrun d’Police, ausgeschloss. Schliisslech hätt hie seng Fra an d’Gesiicht geschloen, an dono erwiergt. D’Riichterin huet präziséiert, dass d’Erwierge mindestens 3 Minutte laang muss gedauert hunn. Dono huet de Mann de Bols vum Affer gefillt, fir ze kucken, ob et dout wier. Nodeems hien d’Läich an der Nuecht an de Bësch gefouert hat, huet hien den nächste Moien den Auto vun der Fra op Iechternach gefouert, wou dës geschafft huet, an ass mam Bus nees heem gefuer. “Fir hir eng auszewëschen”, hat den Ugeklote gesot. Fir Spueren ze verwëschen, mengt d’Police.
Well den Ugeklote just eng schwaach Kapazitéit fir d’Selbstreflexioun hätt, wieren d’Méiglechkeete vun enger Behandlung begrenzt, geet aus engem vun de Rapporten ervir. Déi zwee Psychologen, déi dës geschriwwen hunn, kéinten net ausschléissen, dass den Ugekloten, wann en nees an esou eng Situatioun kéim, net géing t’selwecht, oder änlech handelen.
De Kommissär vun der Police, deen e Mëttwoch säi Rapport presentéiert hat, hat och e puer Mol gesot, dass keng gréisser emotional Reaktioune beim Mann wärend der Enquête z’erkenne waren. Wou d’Police fir eng Perquisitioun bei him Doheem ukomm wier, hätt dësen eng Rou gehat, déi “der Situatioun net ubruecht war”. Bei der Befroung wier de Mann ëmmer gefaasst gewiescht an hätt op all Fro eng Äntwert gewosst. Eenzeg Reegung hätt hie gewisen, wou hien eng SMS vu senger Fra un hiren neie Liibhaber gewise krut. An, nom Geständnes vum Mord bei der Police, hätt hie kuerz gekrasch, wou hie senger Duechter ugeruff huet, an hier dat gesot huet. Dono hätt hie seng Tréinen awer séier nees ewech gewëscht.
Vun der Police zu sengem Motiv befrot, hat den Ugeklote gesot: “Doriwwer hunn ech emol net nogeduecht, ech weess et net. Et war de ganze Frust. Meng Fra hat sech beholl, wéi een net soll.” Dass hien am Virfeld vun der Dot an e Baumaart Händchen a Material kafe war, woumat hien d’Läich verpak hat, huet hien esou erkläert, dass hien dat mam Hannergedanke gemaach hätt, “falls ech eng kéier eng Dommheet géing maachen”.
De Prozess geet e Freideg de Moie weider.