Parlamentaresch FroHuet Google tatsächlech nach keen Dossier eragereecht?

RTL Lëtzebuerg
Der Ëmweltministesch läit aktuell nach keen Dossier vir, deen de Waasserverbrauch vum geplangte Google-Datenzenter zu Biissen chiffréiert.

Dës - dach erstaunlech Ausso - mécht d’gréng Ministesch Joëlle Welfring e Méindeg an engem Interview mam Tageblatt.
Wéi et an deem Gespréich heescht, kéint sech d’Ministesch net gutt iwwer de Projet Google ausloossen, well se net wéisst, wien dann do iwwerhaapt mat wéi engem Projet wéilt op Biissen kommen.

Well et kee Standard-Projet wier, misst Google allemol de Bauprojet esou konzipéieren, datt en de Limitte vun eise Ressourcen ugepasst wier.

Dës Aussoe vun der Ministesch Welfring hunn dann och ewell politesch Suitten - an enger urgenter parlamentarescher Fro vun der CSV gëtt nogefrot, ob effektiv nach kee Projet vu Google am Ëmweltministère deposéiert gouf an ob een iwwerhaapt nach a Kontakt mat de Responsabele vum internationalen Internet-Grupp stéing. D’Urgence vun der Fro vum Laurent Mosar gouf e Méindeg am Nomëtteg net vum Chamberpresident unerkannt.

E “Memorandum of understanding” hat virgesinn, datt Google bis spéitstens Ufank 2024 misst eng Baugeneemegung ugefrot hunn.

Back to Top
CIM LOGO