
Gestéiert Liwwerketten, héich Material- an Energiepräisser, gekoppelt mat den héije Lounkäschte maache Suergen. Well d’Präisser den Ament staark variéieren, hätte Promoteure Problemer, hire Clientë fest Devisen ze maachen. Krankheetsfäll duerch Corona géifen hiert iwwregt maachen.
D’Handwierkerfederatioun warnt virun alle Mesuren, déi mëttelstänneg Betriber nach weider kéinten an d’Laberente bréngen. Positiv géing dogéint den Tripartite-Accord bewäert ginn, dee fir eng gewësse Sécherheet géif suergen.
D’Iddi vun enger Aarbechtszäitverkierzung, wéi se rezent vum Aarbechtsminister Georges Engel an d’Spill bruecht gi war, stéisst beim Handwierk op net vill Verstees-de-mech. Dat wier momentan an allen Hisiichten eng kontra-produktiv Mesure.
D’Regierungspolitik géif momentan leider virun allem doranner bestoen, d’Aarbechtsorganisatioun duerch ëmmer nei fräi Deeg an Auszäite méi schwiereg ze maachen. D’Fédération des artisans géif sech wënschen, dass eng méi flexibel Aarbechtsopdeelung de Betriber selwer géif iwwerlooss ginn.