
Besicht ginn d’Stied Toronto a Montreal. D’Delegatioun setzt sech aus méi wéi 100 Wirtschaftsvertrieder zesummen, eng 40 Entreprisen an eng Rëtsch ëffentlech a privat Institutiounen aus verschiddenen Aktivitéitsberäicher vun der Lëtzebuerger Ekonomie.
Gesicht gëtt op der Wirtschaftsmissioun notamment no Cooperatiounsméiglechkeeten an der Cybersécherheet, dem Weltall, de Gesondheetstechnologien an am Fintech.