Siwe russesch Banke goufe vum internationale Bezuelsystem Swift ausgeschloss, eng Rei russesch Oligarche stinn op internationale Lëschten, d’Sanktioune géint Russland gi ganz wäit a ginn och vu ville Staate koordinéiert. Déi Europäesch Unioun hätt ganz séier reagéiert mat de Sanktiounen, esou d’Finanzministesch Yuriko Backes. Et wéilt een ee cibléierten Impakt op Russland erzilen. D’Lëtzebuerger Finanzplaz wier den Ament kaum betraff, esou d’Finanzministesch Yuriko Backes.
Dat wier och elo déi gréisste Schwieregkeet. Et géif den Ament vill Onbekannter ginn, wat et schwiereg géif maachen, sech un d’Situatioun unzepassen. Nom Brexit an der Pandemie, eng weider Kris. D’Regierung hätt mat engem éischte Mesuren-Pak virop d’Stéit viséiert. Eng grouss Erausfuerderung gëtt et, elo och d’Entreprisen esou gutt et geet ze ënnerstëtzen, och dës wiere virop duerch d’Hausse bei den Energiepräisser impaktéiert.
Ob de Staat weider Scholde muss ophuelen oder ee méi Einname muss generéieren, kéint een aktuell net soen, esou d’Finanzministesch.
Et ass d’Roll vum Finanzministère, ze iwwerwaachen, ob d’Sanktiounen och ëmgesat ginn. De Generaldirekter vun der CSSF, der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur, war um Freidegmoien Invité vun der Redaktioun. Fir hie wäerten d’Cyberattacken an Zukunft eng vun de gréissten Erausfuerderunge ginn.