"Impakt vu Sanktiounen op d’Finanzplaz ass marginal"
De Generaldirekter vun der CSSF war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
D'Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF geet den Ament dovunner aus, datt den Impakt vun den internationale Finanzsektiounen op d'Finanzplaz Lëtzebuerg sech nach a Grenzen hält. E systemesche Risiko gesäit de Generaldirekter vun der CSSF all Zäit net. De Claude Marx war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Mat ronn 4 Milliarden Euro an engem Prozent vun de ganze Fongen-Aktivitéite wieren déi russeschen Avoiren hei am Land net all ze grouss.
D'Iwwerwaachungskommissioun huet d'Acteure vun der Finanzplaz e Mëttwoch via Circulaire iwwert déi lescht Sanktiounen informéiert. Et wier wichteg, datt jidderee Bescheed wéisst, wéi eng Sanktioune spillen, fir dann op där Basis e Screening vun de Konten ze maachen.
An e puer Deeg, zwou Wochen, géif d'Iwwerwaachungskommissioun da Kontrolle maachen, ob d'Banken déi néideg Systemer en place hunn, respektiv ob déi viséiert Konte blockéiert goufen. Déi primär Responsabilitéit, fir d'Sanktiounen ëmzesetzen, läit dem CSSF-Generaldirekter no beim Finanzminister. Als Regulateur géif een d'Situatioun zanter dem Ufank vum Krich awer genee suivéieren.
"Keng Statistiken iwwer Oligarchen"
Wéi vill Konte bis elo zu Lëtzebuerg blockéiert gi sinn, konnt de Claude Marx um Freideg de Moien net soen. Och net, wéi vill Oligarche Suen am Grand-Duché placéiert hunn. Et hätt een "keng Statistik iwwer Oligarchen", esou den CSSF-Generaldirekter. Russesch Avoire géife mat 4 Milliarden e Brochdeel vun der Gesamtzomm vun de Privatbanke vun iwwer 500 Milliarden ausmaachen. Och den Undeel vu russesche Avoiren a Fonge wier mat manner wéi 1 Prozent marginal.
Déi zwou russesch Banke vun der Plaz, d'East-West-United Bank an d'Gazprombank, sinn och net vum internationale Bezuelsystem Swift ausgeschloss, also och net direkt vun den aktuellen internationale Sanktioune betraff. Nieft deenen zwou Banken ass och e russesche Verméigensverwaltung op der Finanzplaz aktiv. Alfa Asset Management an eng Succursale vun enger russescher Bank, d'RCB Bank. All dës Entreprisë wieren net direkt viséiert vun de Sanktiounen. Duerfir awer an deem engen oder anere Fall Aktionären.
Datt eng vun de gréisste russesche Banken, d'Gazprombank, schlussendlech net vun den europäesche Sanktioune concernéiert ass, wier eng politesch Decisioun, esou den CSSF-Generaldirekter. Et misst een ëmmer ofweien, wat en Impakt ee mat Sanktiounen erreeche wëll a wéi vill een och anerer trëfft.
Sanktioune si ganz effikass
D'Sanktiounen, wéi se lo um Dësch leien, hält de Claude Marx fir ganz effikass. Et misst een dee ganze Pak kucken. Besonnesch de Gel vun den Devise-Reserve vun der russescher Zentralbank wier e ganz déifgräifende Schrëtt.
Datt Sanktioune via Kryptowärunge kéinten ëmgaange ginn oder schonn ëmgaange goufen, gesäit de Generaldirekter vun der CSSF als reelle Risiko. Lëtzebuerger Kryptohändler géifen awer och de Gesetzer ënnerleien. Mä et géif natierlech Kryptohaiser weltwäit ginn, déi et net sou streng mat der Regulatioun huelen.
Cyberattacke bal dee gréisste Risiko
D'CSSF warnt mat Nodrock viru Cyberattacken. Et wier zwar a kengem Land méi eng grouss Menace festgestallt ginn an et hätt och nach keng spezifesch Attacken ausserhalb vun der Norm ginn. Mä fir de Claude Marx si Cyberattacken awer wuel bal dee gréisste Risiko, datt d'Finanzplaz oder d'Wirtschaft kéint mat Cyberattacke brooch geluecht ginn. D'Iwwerwaachungskommissioun huet dës Woch d'Haiser opgefuerdert, hir Backupen ze kontrolléieren a sensibel Donnéeën ze securiséieren. Am allgemenge wieren d'Banken an deem Beräich awer gutt opgestallt.
De Risiko, datt eng vun de russesche Banken hei am Land Faillite géif goen ass, an den Ae vun eisem Invité vun der Redaktioun geréng. A wann eng Bank ieren awer misst liquidéiert ginn, wier dat kee systemesche Risiko fir d'Lëtzebuerger Bankeplaz.
Datt déi fréier LSAP-Wirtschaftsministere Jeannot Krecké an Etienne Schneider sech hu misse fléiwe loossen, fir hir Verwaltungsrotsposten opzeginn, wollt de Claude Marx net kommentéieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.