Invité vun der Redaktioun Spezial (13. Januar)Ines Kurschat vum Wort an Armand Back vum Tageblatt

Annick Goerens
En Dënschdeg de Moien ass dat politescht Fréijoer zu Lëtzebuerg Sujet an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

En Dënschdeg de Moie sinn zwee Journalisten invitéiert fir eisen “Invité vun der Redaktioun Spezial”. Mat der Chefredaktesch vum Wort Ines Kurschat a mam Chefredakter vum Tageblatt Armand Back kucke mer op dat politescht Fréijoer. Wat sinn d’Erausfuerderungen déi op d’CSV-DP-Regierung waarden?

Kritt de neien Aarbechtsminister Marc Spautz nees e bëssen Elan an de Sozialdialog? A wéi wäit däerf een Droit à l’oubli goen, dee jo elo notamment an der Affär Jos N. den Ex-President vun der FSFL gespillt huet?

Doriwwer schwätze mer mat eisen zwee Invitéeën en Dënschdeg um eppes no 8 Auer an eisem en “Invité vun der Redaktioun SPEZIAL”.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO