FDA verlaangt urgent MesurenInvestissementer an de Logement mussen nees gefërdert ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Handwierk duerchlieft multipel Krisen. Dee Constat mécht d'Handwierkerfederatioun no hirer Generalversammlung.
© RTL Archivbild

An alle Beräicher wieren d’Ëmsätz ewechgebrach an d’Liquiditéite géife Suerge bereeden, heescht et. Am Domän vun der Konstruktioun zum Beispill géife privat an institutionell Investisseure sech zeréckhalen.

Amplaz 3.800 Logementer, kéinten där dat anert Joer eventuell just nach 2.300 gebaut ginn, schätzt d’Federatioun.

Zënter dem Ufank vum Joer hätt d’Situatioun sech drastesch verännert. D’Käschte sinn héich an d’Demande ass erofgaangen.

Mir wieren do ukomm, wou d’Regierung d’Investissementer an de Logement onbedéngt nees misst fërderen, fir rëm Aktivitéit an de Secteur ze kréien. Allerdéngs géing d’Regierung genee déi Investissementer grad bremsen.

D’Handwierkerfederatioun verlaangt urgent Mesuren. Ënner anerem misst temporär d’TVA vun 3 Prozent fir nei Locatiounswunnengen a fir Renovatiounsaarbechten nees agefouert ginn.

Och d’Enregistrementsfraise fir den Deel, dee scho gebaut ass, sollen ewechfalen, fënnt d’FDA.

Back to Top
CIM LOGO