"Walk-outs" organiséiertISL-Personal mat Propose vum neie Kollektivvertrag net averstanen

RTL Lëtzebuerg
Bei der "International School of Luxembourg" deelt d’Personal hir Onzefriddenheet mat der Direktioun aus.

An engem Communiqué vum OGBL steet, et géing een net noginn. D'Propose vun der Direktioun am Zesummenhang mat engem neie Kollektivvertrag géing d’Personal net zefriddestellen.

Vun e Méindeg un organiséiert d’Personal déi nächst 3 Deeg "Walk-outs", dat heescht d’Proffen treffe sech bausse vum Gebai, fir dann zesummen eranzegoen. Donieft gëllt "Arbeit nach Vorschrift", also eleng dat maachen, wat am Kontrakt steet.

PDF: Schreiwes vum OGBL

Back to Top
CIM LOGO