StatecIwwer 200.000 Frontalieren hunn zejoert zu Lëtzebuerg geschafft

Pit Everling
Beim Emploi salarié gouf et zu Lëtzebuerg zejoert eng Hausse vun 3,6%. Dat deelt de Statec mat.
© RTL Archivbild

Responsabel fir déi Entwécklung ass ënner anerem de Patron Stat.

Nieft der Administration centrale an den aneren ëffentlechen Zerwisser, sinn d'Aktivitéite Commerce, Transport, Hebergement a Restauratioun am dynameschsten. De Stat an déi genannte Secteure maachen zesumme ronn d'Hallschent vum Emploi aus, deen zejoert nei geschaf gouf.

D'Zuel vun de Frontalieren ass 2019 mat 4,5% méi staark evoluéiert wéi déi vun de Residenten, mat 2,9%.

2019 hu gutt 437.000 Salariéen am Grand-Duché geschafft. 236.000 vun hinne si Resident, 115.000 Leit hunn déi Lëtzebuerger Nationalitéit.

D'Zuel vun de Grenzgänger ass zejoert eng éischte Kéier op iwwer 200.000 geklommen. D'Fransouse maache mat 105.000 Salariéë méi ewéi d'Hallschent vun de Frontalieren aus. D'Belsch an déi Däitsch leie quasi gläich op mat ronn 47.000 Leit, déi all Dag iwwer d'Grenz op Lëtzebuerg schaffe kommen.

Zejoert goufen et zu Lëtzebuerg 259.000 männlech Salariéen an 178.000 weiblecher.

100.000 Leit hunn an de Kategorien Commerce, Transport, Hebergement a Restauratioun geschafft. 90.000 sinn et der beim Stat a bei aneren ëffentlechen Zerwisser.

Am Finanz- an Assurancëberäich waren et der 50.000, an der Constructioun bal 47.000 an an der Industrie waren et iwwerdeems eng 37.000 Salariés.

Dës Zuelen huet de Statec en Dënschdeg de Moie publizéiert an zur gläicher Zäit matgedeelt, datt d'Büroe wéinst der Corona-Kris bis op Weideres fir de Public zoubleiwen.

Back to Top
CIM LOGO