
D’Fräiheet op Schwangerschaftsofbréch soll jo, no enger Propos vum Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum, an der Verfassung verankert ginn. Iwwer den zweeten Avis vum Staatsrot gouf e Méindeg an der zoustänneger Institutiounekommissioun um Krautmaart diskutéiert: Dëse gesäit sech averstane mam Text, seet awer och, datt et tëscht den Termë Fräiheet a Recht op Ofdreiwung keng juristesch Ënnerscheeder géife ginn.
Et wier een op alle Fall emol frou, datt den Dossier elo virukéim, esou d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding.
Taina Bofferding (LSAP): “Den Avis vum Staatsrot, deen Zweeten, dee seet, datt et jo kee juristeschen Ënnerscheed tëschent der Fräiheet an dem Droit gëtt, dat hate mer jo schonn am Virfeld gesot, bon, elo hu mer et dann och bestätegt vum Staatsrot, mee et ass awer e gutt Zeechen, dass en Dossier virukënnt a virun allem, dass mer d’Recht op Ofdreiwung kënnen an eis Konstitutioun aschreiwen, dorëms geet et jo.”
Den Dossier soll da fir Mäerz an d’Plenière kommen, wéi de Kommissiounspresident an CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet erkläert.
Laurent Zeimet (CSV): “De Marc Baum ass elo invitéiert ginn, de Rapport fäerdeg ze maachen. Ufank Februar wäerte mer deen diskutéieren an da ginn ech dovun aus, datt am Ufank Mäerz dat an d’Chamber kënnt fir ze decidéieren.”
Den Text dierft wuel mat genuch Stëmmen ugeholl ginn. Just d’ADR huet sech ganz dogéint ausgeschwat. Bei de Majoritéitsparteie sinn et vereenzelt Deputéierten, wéi de Gérard Schockmel aus der DP, déi sech kritesch zum Text geäussert hunn.