PilotprojetIwwer eng App Labosechantillone mat Drone liwwere loossen

RTL Lëtzebuerg
Am Ausland ass dat ewell Realitéit an och hei am Land gëtt elo e Pilotprojet an deem Sënn lancéiert.
© Team Beam

Viséiert ass d’Liwwere vu Blutt-Echantillonen, déi mat Dronen transportéiert a geliwwert ginn. D’Partner, déi sech fir dësen Dronen-Test-Projet zesummegedoen hunn, sinn d’Post, Santé Services, d’Laboratoires Réunis a Luxembourg Air Ambulance.

Wéi et heescht, soll op Basis vun dësem avantgardistesche Projet eng Etüd gemaach ginn, wat d’Rapiditéit vun de Liwwerungen, de Respekt vun der Ëmwelt an d’Evitéiere vu Stauen ugeet - op d’Resultater dierf ee gespaant sinn.

Back to Top
CIM LOGO