Uechtert LandIwwer lescht 5 Joer: 13 Prozent manner Offall an der schwaarzer Poubelle

Roy Grotz
Fanny Kinsch
Ënner anerem ginn am Joer eng 55 Millioune Kaffiskapsele an awer och ronn 100.000 Euro a Schäiner a Mënz ewechgehäit.
64 Prozent vum Offall géint gespuert ginn, esou Ministère
Mat de richtegen Trennsystemer am Land kéint ee vill Offall spueren.

Am Land gëtt iwwert déi lescht 5 Joer gekuckt manner an déi schwaarz Poubelle gehäit: dëst ass e Minus vu ronn 13 Prozenter.

Wéi et aus der sougenannter "Restabfall-Analyse" ervirgeet, déi en Dënschdeg presentéiert gouf, hunn am Joer 2018 d'Awunner eng 194 Kilo Knascht op de Kapp ewechgehäit. 2013 waren dat nach 30 Kilo op de Kapp méi. En Drëttel vum Knascht, deen an der Poubelle lant, ass Bio-Offall, ee Fënneftel si Metaller respektiv sougenannt Problem-Offäll, en anere Fënneftel mécht Pabeier a Kartrong aus.

Bilan: Offall an der schwaarzer Poubelle

Stéphanie Goergen: "Dat ass déi éischte Kéier, dass separat Take-Away-Verpackungen erausgesammelt gi sinn, ebe fir ze kucken, wann dann d'nächst Kéier nach eng Reschtmüll-Analys gemaach gëtt, ob dat en Trend ass, deen zouhëlt oder wéi sech déi Saach entwéckelt."

Interessant ze notéieren, datt an der Moyenne d'Joer eng ronn 956 Tonne metalle Kaffi-Kapselen ewechgehäit ginn, dëst mécht bal 55 Milliounen eenzel Kapselen aus.

An och Geldschäiner an Mënzen ginn an de Poubelle fonnt: der Analyse vum Nohaltegkeetsministère no chiffréiert sech d'Zomme vun de Suen, déi ewechgehäit ginn, d'Joer an der Moyenne op 100.000 Euro.

Wat de Plastik ugeet, dee net recycléiert gëtt, fält largement dee gréissten Deel duerch Zigarettestëmp un, dat virun dem Plastik, deen duerch Ouerestëppler, Schallimoen a Becheren entsteet.

Déi lescht zwee Joer goufen 388 Tonne Plastik-Produiten ewechgepucht, déi nëmmen ee mol benotzt kenne ginn. Duerch EU-Direktive ginn dës awer an Zukunft zum Deel verbueden an zum Deel ginn d'Produzente responsabiliséiert, datt se weiderverwäert ginn. D'Zil wier, datt keng Offäll méi verbrannt oder deposéiert ginn, esou déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg:

"Mir wäerten an Zukunft wesentlech méi Accente leeën op de Volet vun der Präventioun an op de Volet, wou mer kënne Saache reutiliséieren, wou mer e Re-Emploi kënne garantéieren."

Bis wéini déi schwaarz Tonn soll iwwerflësseg ginn konnt d'Ëmweltministesch awer nach net soen. De Fazit ass fir d'Ministesch Carole Dieschbourg kloer. Wann all Gemengen an d'Ofall-Syndikater géifen déi obligatoresch Recycling- an Offall-Trennsystèmer aféieren, kéint bis zu 64 Prozent vum Knascht am Reschtoffall agespuert ginn.

An de Gemengen, wou den Offall um Gewiicht vun der Poubelle verrechent gëtt, passen d'Leit och besser op, wat um Enn an de Kiwwel kënnt. Wann iwwerall esou géif ofgerechent ginn an net einfach e globale Präis pro Poubelle, kéint d'Quantitéit Knascht ëm ronn 75 Kilo op de Kapp erofgoen. Fir d'Analyse vum Reschtoffall goufen d'Poubellen a 16 Gemengen iwwert en halleft Joer ausgewäert an den Offall manuell zortéiert an no 30 Kategorien agedeelt.

Hei geséich een en däitlechen Ënnerscheed tëscht de Gemenge mat an ouni Bio-Poubellen. En Ënnerscheed maachen och d'Taxatiounssystemer an de Gemengen, esou d'Stéphanie Goergen vun der Ëmweltverwaltung: am effikasste wier de sougenannte Verweis-System:

"Do gëtt esouwuel d'Gréisst vun der Poubelle gekuckt, wéi oft dass se eidel gemaach gëtt, an och d'Gewiicht. Dat heescht, u sech spillt do de Prinzip vum Pollueur-Payeur am beschten, well do wierklech gekuckt gëtt, wéi vill dass ewechgehäit gëtt, an dorop muss een dann och seng Taxe bezuelen. (...) wann een d'Systemer vergläicht, dann hu mer 50 Prozent manner Rescht-Offall an deene Gemengen, wou e Verweis-System ass."

PDF: Restabfälle

PDF: Restabfallanalyse 2019

Back to Top
CIM LOGO