
D'Affer gouf am Gesiicht blesséiert a krut och säin Handy geklaut.
Zwee vun den Täter konnte relativ séier no enger Course-Poursuite festgeholl ginn. Deen Drëtte gouf méi spéit lokaliséiert. Allen 3 hu Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
An der Stad goufe n iwwerdeems zwou Persounen wéinst enger Drogenaffaire festgeholl.
D'Police war an d'Avenue du X Septembre geruff ginn, well sech déi zwee Männer, wéinst engem geplatzten Drogendeal an d'Hoer kruten. Ee vun deenen Zwee hat eng Posch bei sech, an där 30 Gramm Marihuana waren.
No Récksprooch mam Parquet gouf et eng Perquisitioun an de Wunnengen vun deenen zwee Bedeelegten. Bei engem goufen nach emol 260 Gramm Marihuana fonnt, iwwer 60 Gramm Haschisch an eng gréisser Zomm Boergeld.
Bei där zweeter Persoun gouf näischt fonnt an awer huet de Parquet ordonéiert, déi zwee Männer festzehuelen. Si ware virum Untersuchungsriichter.