
De Jeannot Waringo hält deemno no 41 Joer am Conseil d'administration op. Hien hätt eng gutt an zolidd Basis geluecht an et wier eng grouss Responsabilitéit, d'Presidence vun him ze iwwerhuelen, huet de Jean-Paul Lickes betount. Hien huet dem Jeannot Waringo am Numm vun den CFL dann och nach ee grousse Merci gesot.
Vun excellente Resultater hunn d'CFL e Méindeg op hirer Pressekonferenz iwwert de Rapport annuel geschwat. E Rekordëmsaz vun 1,3 Milliarden an e Benefice vu 35,3 Milliounen huet de Grupp zejoert gemaach. Dat finanziellt wier sécher wichteg — mee net nëmmen, gouf e Méindeg de Moie betount.
D'Pünktlechkeet wier e ganz wichtegt Thema, huet de Generaldirekter Marc Wengler ënnerstrach. Hien huet präziséiert, datt am Joer 2025 de Pourcentage vun Zich, déi pünktlech ware mat 89,6 Prozent zwar liicht zréckgaangen ass par rapport zum Joer virdrun (do waren et nach 90,8 Prozent), ma dat hätt virun allem un de Streiken an den Nopeschlänner geleeën, an un den Aarbechten um Houwald.
Donieft goufen nach eng Partie Verbesserungen ernimmt, déi zejoert gemaach goufen. Dozou gehéiert zum Beispill eng besser Verbindung mam Keeldall, e méi groussen Zuch tëscht Lëtzebuerg a Metz, de Reamenagement vun de Garen zu Esch an Déifferdeng oder dat neit Konzept vu Wartesäll op verschidde Garen. 466 Leit goufen am leschte Joer bei der Bunn nei agestallt, woumat elo insgesamt iwwer 5.300 Persoune fir d'CFL schaffen.