BurJogger mam Säitespigel vun Auto erwëscht a schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 18.40 Auer ass zu Bur an der Haaptstrooss en Jogger um Zebrasträien iwwert d'Strooss gelaf, wéi en Auto hie mam Säitespigel ze pake krut.
© RTL Archivbild

De Chauffer hat nach versicht auszewäichen, krut de Mann awer op der Héicht vum Busarrêt "Op Kimmelt" ze paken. Dëse gouf dobäi schwéier blesséiert a koum no enger Noutversuergung op der Plaz an d'Spidol.

Den Tëschefall vum Samschdeg am fréien Owend gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO